Trek-Segafredo
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Trek-Segafredo (UCI Kierzel: TFS) ass zanter 2011 e professionellt US-amerikanescht Vëlossport-ProTeam ëm d'Bridder Andy a Fränk Schleck, dat 2011 als lëtzebuergesch Ekipp ënner dem Numm Leopard-Trek gestart ass (wat sengersäits haut e Continental Team an d'Farmteam ass).
![]() | De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen. |

Remove ads
Geschicht

Grënnung
Déi offiziell Presentatioun war de 6. Januar 2011 an der Coque.
Den ursprénglechen Numm Leopard Trek koum engersäits vun der Leopard S.A., enger Firma, un där ë. a. de Sportmäzeen an Immobilien-Agent Flavio Becca bedeelegt ass, an den US-amerikanesche Vëlosfabrikant Trek. Eng Rëtsch Sponsoren hu mat zum Finanzement vum Team bäigedroen.
Entwécklung
Den 9. Mee 2011 ass de belsche Vëlossportler Wouter Weylandt beim Giro d'Italia tragesch gefall an nach op der Plaz gestuerwen.
Den däitsche Vëlossportler Linus Gerdemann huet tëscht dem 1. an 5. Juni den Tour de Luxembourg 2011 gewonnen.
Mëtt 2011 sinn de Fränk Schleck (L), de Robert Wagner (D) an de Fabian Cancellara (CH) déi National Stroossemeeschteren an hire Länner ginn, an den Andy Schleck (L) gouf zweeten am Tour de France.
2014 huet Trek d'Lizenz eleng iwwerholl an eng US-amerikanesch Ekipp draus gemaach.
Team-Bezeechnungen am Laf vun der Zäit
- 2011 Leopard Trek (LEO)
- 2012 RadioShack-Nissan (RNT)
- 2013 RadioShack-Leopard (RLT)
- 2014-2015 Trek Factory Racing (TFR)
- 2016 Trek-Segafredo (TFS)
Remove ads
Coureuren an der Ekipp
Remove ads
Um Spaweck
![]() |
Commons: Team Leopard Trek – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads