Triichter

From Wikipedia, the free encyclopedia

Triichter
Remove ads

En Triichter ass e Geschier a konescher Form, dat bannenan huel ass an am spatzen Deel an e Rouer, den Hals, iwwergeet.

Thumb
E Kichen-Triichter aus Plastik.

En déngt dozou, Flëssegkeeten, Pudder oder reng fest Matièren ouni ze sabbelen an e Behälter ze schëdden, deen eng kleng Ëffnung huet (z. B. eng Fläsch).

Den Hals huet normalerweis baussen, de laange Wee eng Rill, fir datt déi Loft déi beim Fëllen ze vill ass, aus dem Behälter dee gefëllt gëtt, kann erauskommen.

Remove ads

Den Triichter an der populärer Kultur

A Karikaturen oder Filmer symboliséiert en Triichter, dee vu Leit op der Kopp um Kapp gedroe gëtt, d'Geckegkeet.

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads