Tsai Ing-wen

From Wikipedia, the free encyclopedia

Tsai Ing-wen
Remove ads

D'Tsai Ing-wen (chin. 蔡英文/蔡英文, Cài Yīngwén), gebuer den 31. August 1956 an der Gemeng Fangshan, an Taiwan, ass eng taiwaneesesch Politikerin.

Séier Fakten Funktioun, Virgänger ...

Si war vun 2008 bis 2012, vun 2016 bis 2018 a vun 2020 bis 2022 Presidentin vun der Demokratescher Fortschrëttspartei (DPP). Si gouf de 16. Januar 2016 zu der neier Presidentin vun Taiwan gewielt an den 11. Januar 2020 erëmgewielt. Den 20. Mee 2024 gouf si vum Lai Ching-te ofgeléist.

Si gouf 2004 Member vun der DPP, kuerz Deputéiert, an du Vize-Premierministesch ënnert dem Premierminister Su Tseng-chang, bis zum Regierungsrécktrëtt 2007. 2011 war si eng éischt Kéier Spëtzekandidatin fir Presidentschaftswalen, gouf awer dunn net gewielt.

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Tsai Ing-wen – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads