Uergel

Museksinstrument From Wikipedia, the free encyclopedia

Uergel
Remove ads

Eng Uergel, vum griicheschen ὄργανον órganon „Wierkgeschir, Instrument, Organ“, ass e Museksinstrument aus der Grupp vun den Aerophone mat Tasten.

Méi Informatiounen Klassifikatioun, Tounëmfank: ...

Se besteet aus:

  • engem Spilldësch
  • engem Wandwierk
  • engem Päifewierk
Remove ads

Spilldësch

Um Spilldësch sinn ze fannen:

  • den Haaptschalter
  • een oder méi Manualer: déi Tasten, déi mat den Hänn gespillt ginn,
  • Pedallen, déi wéi eng Pianostastatur ugeuerdnet sinn, an déi mat de Féiss gespillt ginn,
  • Regësterzich oder -knäppecher mat deenen ee bestëmmt, watfir Regëstere solle kléngen,
  • aner Spillhëllefen
    • Koppelen,
    • Setzer,
    • Transpositor,
    • Pedall(e) fir d'Op- an Zoumaache vun der Schwellkëscht,
    • Regësterschweller (Generalcrescendo)
    • Absteller
Remove ads

Traktur

D'Traktur beschreift, wéi d'Taste mat de Ventille vun de Päife verbonne sinn, fir dës op an zou ze maachen.
Et ënnerscheet een:

  • mechanesch Traktur: e System vun Hiewele verbënnt d'Taste mat de d'Ventiller
  • elektresch Traktur: beim Drécke vun der Tast gett e Stroumkrees e Kontakt, deen en Elektromagnéit um Ventill aktivéiert, deen dann de Ventill opmecht
  • pneumatesch Traktur: Réier mat Drockloft verbannen d'Tastatur mat de Ventiller. De Loftdrock ass méi héich, wéi de Spilldrock fir d'Päifen.
  • elektropneumatesch Traktur
Remove ads

Päifewierk

D'Päife vun enger Uergel si metallen oder hëlze Réier, duerch déi Loft, déi ënner Drock steet, stréimt. All Päif an enger Uergel entsprécht engem eenzegen Toun. Wat eng Päif méi laang ass, wat den Toun, deen erkléngt, méi déif ass.
D'Längt vun de Päife gëtt a Fouss gemooss (1' entsprécht ongeféier 30 cm).
D'Klankfaarf vun enger Päif hänkt vum Typ, Labial- oder Zongepäif, vum Material, der Form an dem Rapport Duerchmiesser/Längt asw. of.
Päife vun der selwechter Klankfaarf a verschiddenen Tounhéichte bilden e Regëster.

Labialpäifen

Thumb
Schematesche Längsschnëtt duerch eng Labialpäif
Thumb
Schematesche Längsschnëtt duerch eng Zongepäif

De Loftstroum gëtt un engem (heiansdo och zwee) Labium (Lëps) gebrach, wéi bei enger Blockflütt. Normalerweis si Labialpäifen uewen op, ass dëst net de Fall, seet ee se si "gedackt", an dësem Fall klénge s'eng Oktav méi déif wéi eng oppe Päif vun der selwechter Längt.

Zongepäifen

De Loftstroum bréngt e Blietchen zum Schwéngen, wéi bei enger Klarinett. Dës Zort Päifen huet en zimmlech schaarfe Klang a gëtt dofir meeschtens solistesch agesat. D'Form vum Schallbecher déterminéiert d'Klankfaarf.
Well normalerweis d'Stäerkt vum Toun vun enger Päif net ka beaflosst ginn, besteet d'Méiglechkeet verschidde Regësteren an eng sougenannte Schwëllkëscht ze montéieren. Dat ass eng Këscht, bei där eng Säit aus Schaute besteet déi méi oder manner opgemaach kënne ginn, a sou méi oder manner Toun erausloossen.

Remove ads

Geschicht vun der Uergel

Schonn an der Antiquitéit gouf et Uergelen. An dëse gouf d'Loft an e Behälter gepompelt, aus deem se Waasser verdriwwen huet, sou konnt e gläichméissege Loftdrock entstoe fir an d'Päifen ze stréimen. Dës Instrumenter haten en haarde Klang a goufen z. B. an Amphitheatere benotzt.

Am 8. an 9. Jh. koum d'Uergel iwwer Byzanz an Europa. Sou gouf et z. B. schonn 812 eng Kierchenuergel zu Oochen. No an no sinn s'ëmmer méi grouss ginn.
An der 2. Hallschent vum 18. Jh. sinn déi sougenannt romantesch Uergelen (orchestral Kläng) opkomm an hunn déi bis dohi wäitverbreed Barockuergel verdrängt. Um Ufank vum 20. Jh. gouf et awer eng Réckbesënnung op déi klassesch Barockuergel an där hiert Klangideal.

Thumb
Regëschteren an der Uergel vun der Biissener Kierch
Remove ads

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Uergel – Biller, Videoen oder Audiodateien
 Commons: Uergelen zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads