Harnröre

Organ a Form vun engem Schlauch am Kierper vun de meeschte Mamendéieren From Wikipedia, the free encyclopedia

Harnröre
Remove ads

D'Harnröre oder d'Urethra am Fachbegrëff ass en Organ a Form vun engem Schlauch am Kierper vun de meeschte Mamendéieren, dat zum Harn- a Geschlechtsapparat gehéiert. Et schléisst un den ënneschten Deel vun der Harnblos un a läit am Becken. Bei der männleche Liewewiese geet d'Harnröre un der Spëtzt vum Peenis op en Enn, bei de weibleche Liewewiesen am Virhaff vun der Scheed.

Thumb
D'Harnröre beim Mënsch (uewen d'Fra, ënnen de Mann). D'Blos, d'Harnröre a beim Mann och den Ureter sinn orange ervirgehuewen.

Hir Funktioun ass et bei béide Geschlechter, den Urin aus dem Kierper ze leeden. Bei de männleche Liewewiesen gëtt zousätzlech och de Sperma iwwer d'Harnröre ausgeleet.

Bei Mann ass d'Harnröre duerchschnëttlech ronn 20 Zentimeter laang, a bei der Fra véier Zentimeter laang.[1]

D'Harnröre (Urethra) ass net mat dem Harnleiter (Ureter) ze verwiesselen.

Remove ads

Kuckt och

 Commons: Harnröre – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. MDS Manuals: Urètre
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads