Vëlospist PC27

Itinéraire cyclable Kiischtendall From Wikipedia, the free encyclopedia

Vëlospist PC27
Remove ads

D'Vëlospist PC27 (och nach Kiischtendallspist, Itinéraire cyclable Kiischtendall[1]), ass eng vun de 40 Vëlosstrecke vum nationale Reseau zu Lëtzebuerg[2].

Séier Fakten Alternativen Numm, Lëtzebuerger Numm ...
Thumb
Geplangte Verlaf vun der Vëlospist PC27
Thumb
Nei Beschëlderung bei der Gare Zens-Hamm
Remove ads

Streck

D'Vëlospist PC27 féiert, wa se bis fäerdeg ass, vun der Polvermillen an der Stad Lëtzebuerg duerch den Hammer Dällchen op de Pôle d'échange Zens-Hamm, dann duerch de Scheedbësch op d'Gare vu Sandweiler-Conter, d'Industriezon Conter/Weiergewan, iwwer Mutfert a Bous bis op Stadbriedemes.

Vum CR234 aus ginn zwou Antenne fort: d'PC27a an nordëstlecher Richtung op Sandweiler an d'PC27b a südwestlecher Richtung op Sandweiler-Gare.

Bis ewell besti just follgend Deelstécker dovun(Stand: Juni 2024):

  • ronn 400 m ronderëm d'Gare Zens-Hamm
  • 815 m vun der Gare Zens-Hamm laanscht d'Eisebunnsstreck, bis an d'Rue Mac Adam[3]
  • vun der Rue Mac Adam ënnert der A1 erduerch, duerch eng autofräi Strooss (Val du Scheid) nërdlech laanscht den Amerikaneschen Zaldotekierfecht zu Hamm, bis bei d'Kräizung mam CR159 um Scheedhaff[4]
  • ëstlech laanscht den CR234, vun der Kräizung déi op Sandweiler-Gare féiert bis op de Rond-point bei der Allée Klaus-Michael Kühne (ca. 1,4 km)

D'Aarbechten um 1200 m laang Stéck vun der Polvermillen (Uschloss un d'Vëlospist PC1) bis bei d'Zenser Gare, deelweis iwwer d'Nationalstrooss 2 an duerch eng Kalifornesch Mauer getrennt, sollen, Stand Juli 2024, 2025 ufänken a fréistens dat Joer drop fäerdeg sinn. Wéi a wéini et um anere Wupp, vu Conter aus, bis op d'Musel virugoe soll, ass nach ëmmer net gewosst.[5]

Remove ads

Uschlëss un aner Pisten

D'Vëlospist PC27 huet oder kritt ënnerwee Uschlëss un:

  • PC15 op der Polvermillen
  • PC2a um Pôle d'échange Zens-Hamm
  • PC11b vun der Industriezon Conter/Weiergewan op Conter a weider op d'PC11 tëscht Alzeng an Haassel
  • PC3 zu Stadbriedemes

Bemierkungen

Biller

Um Spaweck

 Commons: Vëlospist PC27 – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen an Notten

  1. esou genannt am Artikel 4 vum Gesetz vum 28. Abrëll 2015; mat der Ännerung vum 20. Dezember 2019 ass déi Bezeechnung ewech gefall an d'Vëlospist gëtt just nach mat der Nummer ernimmt.
  2. (fr) Inauguration d'un nouveau tronçon de la piste cyclable PC27. gouvernement.lu (06.03.2024). Gekuckt de 04.06.2024.
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads