Vanuatu

Inselstaat an Ozeanien From Wikipedia, the free encyclopedia

Vanuatu
Remove ads

D'Republik Vanuatu ass en Inselstaat an Ozeanien. Den Archipel, deen aus 83 Insele respektiv Inselgruppe besteet, gouf bis 1980 Nei Hebriden genannt an huet knapps 300.000 Awunner (Stand 2020).

Ripablik blong Vanuatu (Republic of Vanuatu, République du Vanuatu)

Thumb

Thumb

Detailer

Detailer
Thumb
Offiziell Sprooch: Bislama, Englesch, Franséisch
Haaptstad: Port Vila
Staatsform: Parlamentaresch Republik
  President: Baldwin Lonsdale
Fläch: 12.200 km²
Bevëlkerung: 300.019 (2020)
  Bevëlkerungsdicht: 24/km²
Onofhängegkeet: 30. Juli 1980 vu Frankräich an dem Vereenegte Kinnekräich
Nationalfeierdag: 30. Juli
Nationalhymn: Yuki, Yumi, Yumi
Zäitzon: UTC +11
Internet TLD: .vu
Thumb

D'Wirtschaft besteet haaptsächlech aus Landwirtschaft, Fëscherei an Tourismus (ongeféier 60.000 Touristen am Joer 2005). Vanuatu huet keng nennenswäert Buedemschätz.

Eng Etude vun der brittescher New Economics Foundation aus dem Joer 2006 huet d'Gléck vun den Awunner op Vanuatu am weltwäite Verglach als dat héchst bewäert. Ënnersicht goufe Facteure wéi Zefriddenheet, Liewenserwaardung an den Ëmgang mat der Ëmwelt.[1]

D'Haaptstad vu Vanuatu ass Port Vila.

De 14. a 15. Mäerz 2015 huet den Zyklon Pam grouss Deeler vum Inselstaat zerstéiert. Eng 24 Leit koumen dobäi ëm d'Liewen.

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Vanuatu – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. „Happiness doesn't cost the Earth“, BBC News, 12. Juli 2006. Archivéiert Versioun vum 6. Mäerz 2007.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads