Varna

Hafestad a Bulgarien From Wikipedia, the free encyclopedia

Varna
Remove ads

Varna oder Warna (op Bulgaresch: Варна) ass no Sofia a Plovdiv déi drëttgréisst Stad a Bulgarien. Si läit um Schwaarze Mier an huet ëm déi 335.000 Awunner. Wéinst hirer Lag ass Varna eng wichteg Touristendestinatioun an e Wirtschafts- an Universitéitszentrum. D'Stad huet e bedeitenden Hafen an ass d'Haaptquartéier vun der bulgarescher Marinn an Handelsflott.

op ee Bléck Land, Awunner ...

Fir den Nordoste vum Land ass Varna en zentrale Verkéiersknuet, mat engem internationale Fluchhafen an enger gudder Abannung un d'bulgarescht Schinnen- a Stroossennetz. Varna war d'Endstatioun vun der éischter bulgarescher Eisebunnslinn an déi éischt Endstatioun vum Orient-Express.

Am archeologesche Musée vun der Stad läit den eelste Goldschatz op der Welt. E gouf an der Nekropol vu Varna fonnt an gëtt op 4200-4600 virun eiser Zäitrechnung datéiert.

Remove ads

Biller

 Commons: Varna – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

    Loading related searches...

    Wikiwand - on

    Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

    Remove ads