Via Lemovicensis

From Wikipedia, the free encyclopedia

Via Lemovicensis
Remove ads

D'Via Lemovicensis ass de laténgeschen Numm vun engem vun de véier Jakobsweeër a Frankräich. De Wee féiert iwwer Limoges. Déi Stad huet dem Wee och den Numm ginn. D'Haaptversammlungsplaz fir d'Pilger déi aus dem Norden an Nordoste kommen ass d'Abbaye de la Madelaine zu Vézelay.

Thumb
De Jakobswee mat den Haaptdeparten a Frankräich

D'Streck féiert bis an déi baskesch Uertschaft Ostabat, wou se mat der Via Turonensis an der Via Podiensis zesummeleeft.

Am éischten Drëttel vum Wee viru Limoges, huet en d'Auswiel vun zwou grousse Varianten, déi eng méi nërdlech iwwer Bourges a Châteauroux mat 267,3 km, an déi aner méi am Süden iwwer Nevers a Saint-Pierre-le-Moûtier mat 290 km. Et gëtt op der Streck iwwer Nevers nach eng zweet Méiglechkeet fir iwwer Sancoins ze trëppelen, an déi ass 257,1 km laang.

Remove ads

Proposéiert Etappen op der Streck iwwer Nevers op Eguzon[1]

Thumb
D'Basilika zu Vezelay

A Klengschrëft stinn Uertschaften déi net als Etappenuertschaften zielen am Sënn vum Guide du Randonneur. Wann et op der Wikipedia keen Artikel vun där Uertschaft gëtt, da verweist de Link op d'Gemeng an där se läit.

Remove ads

Etappenuertschaften op der Streck iwwer Bourges op Eguzon

Remove ads

Vun Éguzon op Roncevaux (630 km)

  • Éguzon - Crozant (9km)
  • Crozant - La Chapelle-Baloue - Sanint-Germain-Beaupré - Saint-Agnant-de-Versillat - La Souterraine (24,5 km)
  • La Souterraine - Saint-Priest-la-Feuille - Le Grand-Bourg - Bénévent-l'Abbaye (24km)
  • Bénévent-l'Abbaye - Marsac - Arrènes - Saint-Goussaud - Billanges (27,5 km)
  • Billanges -Saint-Léonard-de-Noblat (19,5 km)
    • Vu Saint-Léonard-de-Noblat aus gëtt et d'Méiglechkeet fir net brauchen duerch Limoges ze trëppelen an zwar mat enger Etapp zu Solignac fir duerno erëm op Les Cars ze kommen.
    • Aix-sur-Vienne: fir op Aix-sur Vienne ze komme muss een duerch Limoges trëppelen.
  • Les Cars - Lautrette - Châlus - Firbeix - Saint-Pierre-de-Frugie - La Coquille
  • La Coquille - Saint-Paul-la-Roche - Thiviers
  • Thiviers - Négrondes - Sorges
  • Sorges
  • Périgueux
  • Razac-sur-l'Isle
  • Mussidan
  • Sainte-Foy-la-Grande
  • Saint-Ferme
  • La Réole
  • Bazas
  • Captieux - Bourriot-Bergonce - Retjons - Roquefort-de-Marsan
    Thumb
  • Vu Roquefort-de-Marsan aus sinn et nach 990,5 km bis op Santiago de Compostela. Zu Retjons 9,5 viru Roquefort steet e grousse Kilometersteen op deem de Kilometrage 1000 ënner enger Jakobsmuschel affichéiert ass.
  • Roquefort-de-Marsan - Bostens - Gaillères - Bougue - Mont-de-Marsan
    • Variant tëscht Bazas a Mont-de-Marsan
Bazas - Commanderie hospitalière de Bessaut - Lencouacq - Cachen - Maillères - Canenx-et-Réaut - Lucbardez-et-Bargues - Saint-Avit - Mont-de-Marsan

Um Spaweck

 Commons: Via Lemovicensis – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Dës Etappe ginn am Guide du randonneuer vum François Lepère virgeschloen
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads