Vicky Krieps

lëtzebuergesch Schauspillerin From Wikipedia, the free encyclopedia

Vicky Krieps
Remove ads

D'Vicky Krieps, gebuer de 4. Oktober 1983 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Schauspillerin.

op ee Bléck Gebuer, Nationalitéit ...
Remove ads

Liewen

No hirer Première am LGL, 2004[2], an engem Joer an Afrika huet d'Vicky Krieps zu Zürich op der Hochschule für bildende Künste hir Ausbildung gemaach, wou si och tëscht 2006 an 2008 um Schauspielhaus engagéiert war.

D'Vicky Krieps wunnt a schafft haaptsächlech zu Berlin, an huet zesumme mam däitsche Schauspiller Jonas Laux zwee Kanner. 2025 huet si sech mat hirem griichesche Partner bestuet.[1]

D'Vicky Krieps ass d'Enkelin vum fréiere Politiker Robert Krieps[3][4].

Remove ads

Karriär

No e puer lëtzebuergesche Kuerzfilmer hat si eng ganz Rëtsch Rollen an däitschen, lëtzebuergeschen, franséischen, belschen, éisträicheschen an amerikanesche Koproduktiounen. 2014 huet si d'Haaptroll an Elly Beinhorn (Tëleefilm) an Das Zimmermädchen Lynn gespillt. Dem US-amerikanesche Regisseur Paul Thomas Anderson huet hir Interpretatioun vun engem neuroteschen Zëmmermeedchen sou gutt gefall, datt en se fir d'weiblech Haaptroll a sengem Film Phantom Thread (2017) engagéiert huet[3]. 2018 hat si déi weiblech Haaptroll an der Tëleesserie Das Boot, woufir se 2019 den Deutsche Fernsehpreis krut. 2021 koume gläich eng hallef Dose Filmer eraus, an deenen si d'weiblech Haaptroll, oder eng vun den Haaptrollen, hat.

2022 hat si d'Haaptroll an zwéi Filmer, déi um Festival vu Cannes an der Selektioun Un certain regard gewise goufen. Fir eng dovun, déi vun der Keeserin Sisi am Film Corsage vun der Marie Kreutzer, huet si (ex-aequo) de Präis vun der beschter Interpretatioun gewonnen[5][6]. Fir d'selwecht Roll krut si de Präis vun der beschter Actrice um 28. Filmfestival vu Sarajevo[7], bei den Europäesche Filmpräisser[8][9] a beim Lëtzebuerger Filmpräis 2023[10].

2023 war si an zwou Les Trois Mousquetaires-Verfilmungen ze gesinn, sou wéi och an engem Western vun am mam Viggo Mortensen an an engem Grenz-Drama vum Philippe Van Leeuw, déi an Arizona an am Nevada spillen.

Remove ads

Literatur

Filmographie

Kino

  • 2008: La nuit passée - Regie: Eileen Byrne - (Kuerzfilm)
  • 2009: X on a Map - Regie: vum Jeff Desom - (Kuerzfilm)
  • 2009: House of Boys - Regie: Jean-Claude Schlim - Haaptacteuren: Layke Anderson, Loïc Peckels
  • 2011: Legal.Illegal - Regie: Eileen Byrne - (Kuerzfilm)
  • 2011: Wer wenn nicht wir - Regie: Andreas Veiel - Haaptacteuren: August Diehl, Lena Lauzemis
  • 2011: Hanna - Regie: Joe Wright - Haaptacteuren: Saoirse Ronan, Cate Blanchett
  • 2011: Elle ne pleure pas, elle chante - Regie: Philippe de Pierpont - Haaptacteuren: Erika Sainte, Laurent Capelluto
  • 2011: Anonymus - Regie: Roland Emmerich - Haaptacteuren: Rhys Ifans, Vanessa Redgrave
  • 2012: Formenterra - Regie: Ann-Kristin Reyels - Haaptacteuren: Sabine Timoteo, Thure Lindhardt
  • 2012: D'Belle Époque - Regie: Andy Bausch - Haaptacteuren: Gintare Parulyte, Marco Lorenzini - (Documentaire)
  • 2012: D'Schatzritter an d'Geheimnis vum Melusina - Regie: Laura Schroeder - Haaptacteuren: Anton Glas, Lana Welter
  • 2012: Zwei Leben - Regie: Georg Maas, Judith Kaufmann - Haaptacteuren: Juliane Köhler, Liv Ullmann
  • 2012: Die Vermessung der Welt - Regie: Detlev Buck - Haaptacteuren: Albrecht Schuch, Karl Markovics
  • 2013: Une histoire d'amour - Regie: Hélène Fillières - Haaptacteuren: Benoît Poelvoorde, Laetitia Casta
  • 2013: Möbius - Regie: Eric Rochant - Haaptacteuren: Jean Dujardin, Cécile de France
  • 2013: Avant l'hiver - Regie: Philippe Claudel - Haaptacteuren: Daniel Auteuil, Kristin Scott Thomas
  • 2013: La confrérie des larmes - Regie: Jean-Baptiste Andrea - Haaptacteuren: Jérémie Renier, Audrey Fleurot
  • 2014: A Most Wanted Man - Regie: Anton Corbijn - Haaptacteuren: Philip Seymour Hoffman, Daniel Brühl
  • 2014: Das Zimmermädchen Lynn - Regie: Ingo Haeb - Haaptacteuren: Lena Lauzemis, Steffen Münster
  • 2015: M wie Martha - Regie: Lena Knauss - (Kuerzfilm)
  • 2015: Pitter patter goes my heart - Regie: Christoph Rainer - (Kuerzfilm)
  • 2016: Outside the Box - Regie: Philip Koch - Haaptacteuren: Volker Bruch, Stefan Konarske
  • 2015: Colonia - Regie: Florian Gallenberger - Haaptacteuren: Emma Watson, Daniel Brühl
  • 2016: Was hat uns bloß so ruiniert? - Regie: Marie Kreutzer - Haaptacteuren: Pia Hierzegger, Pheline Roggan
  • 2016: Le jeune Karl Marx - Regie: Raoul Peck - Haaptacteuren: August Diehl, Stefan Konarske
  • 2017: Gutland - Regie: Govinda Van Maele - Haaptacteuren: Frederick Lau, Pit Bukowski
  • 2017: Phantom Thread - Regie: Paul Thomas Anderson - Haaptacteuren: Daniel Day-Lewis, Lesley Manville
  • 2018: 3 Tage in Quiberon - Regie: Emily Atef - Haaptacteuren: Marie Bäumer, Charly Hübner
  • 2018: The Girl in the Spider's Web - Regie: Fede Avarez - Haaptacteuren: Claire Foy, Beau Gadsdon
  • 2019: The last Vermeer - Regie: Dan Friedkin - Haaptacteuren: Guy Pearce, Claes Bang
  • 2021: De nos frères blessés - Regie: Helier Cisterne - Haaptacteuren: Vincent Lacoste, Jules Langlade
  • 2021: Nebenan - Regie: Daniel Brühl - Haaptacteuren: Daniel Brühl, Peter Kurth
  • 2021: Bergman Island - Regie: Mia Hansen-Løve - Haaptacteuren: Tim Roth, Mia Wasikowska
  • 2021: Serre-moi fort - Regie: Mathieu Amalric - Haaptacteuren: Arieh Worthalter, Anne-Sophie Bowen-Chatet
  • 2021: Old - Regie: M. Night Shyamalan - Haaptacteuren: Gael García Bernal, Rufus Sewell
  • 2015: Frida - Regie: Aleksandra Odic - (Kuerzfilm)
  • 2021: Beckett - Regie: Ferdinando Cito Filomarino - Haaptacteuren: John David Washington, Alicia Vikander
  • 2021: The Survivor - Regie: Barry Levinson - Haaptacteuren: Ben Foster, Billy Magnussen
  • 2022: Corsage - Regie: Marie Kreutzer - Haaptacteuren: Colin Morgan, Ivana Stojkovic
  • 2022: Plus que jamais - Regie: Emily Atef - Haaptacteuren: Gaspard Ulliel, Bjørn Floberg
  • 2023: Ingeborg Bachmann - Reise in die Wüste - Regie: Margarethe von Trotta
  • 2023: Les trois Mousquetaires: D'Artagnan - Regie: Martin Bourboulon
  • 2023: The Wall - Regie: Philippe Van Leeuw
  • 2023: The Dead Don't Hurt - Regie: Viggo Mortensen - Haaptacteur: Viggo Mortensen
  • 2023: Les trois Mousquetaires: Milady - Regie: Martin Bourboulon
  • 2024: Went up the Hill - Regie: Samuel Van Grinsven - Haaptacteur: Dacre Montgomery
  • 2025: Hot Milk - Regie: Rebecca Lenkiewicz - Haaptactricen: Fiona Shaw, Emma Mackey
  • 2025: Father, Mother, Sister, Brother - Regie: Jim Jarmusch - Haaptacteuren: Cate Blanchett, Adam Driver
  • 2025: Love Me Tender - Regie: Anna Cazenave Cambet.
  • 2025: Re-creation - Regie: David Merriman, Jim Sheridan - Haaptacteuren: Jim Sheridan
  • 2025: L'illusion de Yakushima - Regie: Naomi Kawase
  • 2025: Hotel Fantasma - Regie: Martin Aleman

Televisoun

  • 2011: Tatort - (TV-Serie) - Episod: Eine bessere Welt - Regie: Lars Kraume - Haaptacteuren: Joachim Król, Nina Kunzendorf
  • 2012: Rommel - Regie: Niki Stein - Haaptacteuren: Ulrich Tukur, Tim Bergmann
  • 2014: Elly Beinhorn - Alleinflug - Regie: Christine Hartmann - Haaptacteuren: Max Riemelt, Christian Berkel
  • 2014: Das Zeugenhaus - Regie: Matti Geschonneck - Haaptacteuren: Iris Berben, Matthias Brandt
  • 2015: Tag der Wahrheit - Regie: Anna Justice - Haaptacteuren: Florian Lukas, Benjamin Sadler
  • 2015: Mon cher petit village - Regie: Gabriel Le Bomin - Haaptacteuren: Laurent Stocker, Katja Riemann
  • 2016: Mordkommission Berlin 1 - Regie: Marvin Kren - Haaptacteuren: Friedrich Mücke, Tobias Moretti
  • 2018: Das Boot - (TV-Serie), - (10 Episoden)
  • 2025: Monster: The Ed Gein Story - (TV-Serie, Saion 3, 5 Episoden)
Remove ads

Gielercher

  • 2012: Lëtzebuerger Filmpräis fir déi bescht Nowuess-Schauspillerin
  • 2014: Förderpreis Neues Deutsches Kino - Beste Nachwuchsschauspielerinfir hir Haaptroll an Das Zimmermädchen Lynn
  • 2018: Lëtzebuerger Filmpräis 2018 fir déi bescht kënschtleresch Leeschtung[11].
  • 2018: Michael Nyqvist Foundation Award[12]
  • 2019: Deutscher Fernsehpreis - Beste Schauspielerin fir hir Roll an der Serie Das Boot[13]
  • 2019: 59e Festival de télévision de Monte-Carlo: Meilleure actrice - série TV dramatique fir hir Roll an der Serie Das Boot[14]
  • 2022: Nominatioun fir de César fir déi bescht Schauspillerin fir hir Roll a Serre-moi fort[15]
  • 2022: Bescht Schauspillerin an der Kategorie Un certain regard um Festival vu Cannes[5][6]
  • 2022: Bescht Schauspillerin (a Corsage) um 28. Sarajevo Film Festival[16]
  • 2022: Bescht Schauspillerin bei de Europäesche Filmpräisser[8][9].
  • 2023: Chevalier des arts et lettres (Frankräich)[17]
  • 2023: Éisträichesche Filmpräis fir déi bescht Schauspillerin (a Corsage)[18]
  • 2023: TIFF Tribute Performer Award um Internationale Filmfestival vun Toronto[19]
  • 2023: Lëtzebuerger Filmpräis 2023: Bescht Schauspillerin (a Corsage).
Remove ads

Kuckt och

Um Spaweck

Remove ads

Referenzen

  1. Hir Ried bei der Diplomiwwerreechung hat an de Medie Welle geschloen, vgl.: "Wer Gewalt säht,... Vom Machtkampf zwischen Lehrern und Schülern. Ein Interview mit Vicky Krieps. forum Nr.245, April 2005, S.30-32.
  2. Thill, M., 2021. Vicky Krieps' prall gefüllter Terminkalender. Das Filmfestival in Cannes ist hellhörig auf die Luxemburger Schauspielerin geworden. Luxemburger Wort vum 16. Juli 2021, S. 19.
  3. (de) Die Croisette feiert Vicky Krieps mit einem Darstellerpreis. Luxemburger Wort - Deutsche Ausgabe (27.05.2022). Gekuckt den 29.05.2022.
  4. (en) Winners of the 35th European Film Awards. europeanfilmawards.eu Archivéiert den 11.12.2022. Gekuckt den 11.12.2022.
  5. (de) Vicky Krieps wird von Europa gekrönt. Luxemburger Wort (10.12.2022) Archivéiert den 11.12.2022. Gekuckt den 11.12.2022.
  6. Marc Thill, Filmpräis 2018: And The Winner Is... "Gutland" op wort.lu den 22. September 2018
  7. 28th Sarajevo Film Festival Awards. op sff.ba, gekuckt 2022-08-22.
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads