FC Victoria Rouspert
lëtzebuergesche Foussballclub From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Den FC Victoria Rouspert (offiziell F.C. Victoria Rosport) ass e lëtzebuergesche Foussballclub vu Rouspert. De Veräi gouf den 1. Oktober 1928 gegrënnt an ass am Februar 1930 Member bei der Foussballfederatioun ginn. Nieft zwou Seniorsekippen an de Jugendekippen huet Victoria zanter der Saison 2006/07 och eng Dammenekipp.
Remove ads
Terraine vum Veräin
D'éischt Seniorsekipp spillt hir Championnatsmatcher zu Rouspert an der Party-Rent-Arena. Och zu Rouspert, mä net fir d'Championnat zougelooss ass en zweeten, klengen Trainingsterrain mat syntheeteschem Wues (Dimensiounen: 60x40 Meter).
En drëtten, vun der FLF unerkannten Terrain, läit baussent der Grenz zu Godendorf an der däitscher Nopeschgemeng vu Rouspert, Ralingen. D'Internationales Sport-, Kultur- und Freizeitzentrum Ralingen-Rosport ass e Gemeinschaftsprojet vu Victoria Rouspert an der Spielgemeinschaft Sauertal Ralingen.
Remove ads
Éischt Seniorsekipp
D'éischt Ekipp ass 1986/87 an d'Éierepromotioun gestigen. Rouspert ass bis ewell dräimol, 1991/92, 1993/94 an 1998/99 an d'éischt Divisioun zeréckgefall, huet et awer all Kéier nees fäerdeg bruecht d'Saison drop direkt erëm ze klammen.
Zanter 2002/03 spillt Victoria an der Nationaldivisioun. Trainer ass den däitschen Ex-Profi Rainer Brinsa, deen 2006/07 scho seng 14. Saison zu Rouspert war. 2006/07 huet Rouspert als drëttleschten an der Nationaldivisioun missen e Barragematch géint den drëttplazéierten aus der Éierepromotioun, d'Fola Esch spillen, konnt sech do awer mat 2-0 duerchsetzen a bleift domat an der ieweschter Divisioun.

Europäesch Kompetitiounen
An der Saison 2004/05 huet Rouspert sech mat enger véierter Plaz am Championnat fir d'éischt Kéier an der Veräinsgeschicht fir eng europäesch Clubkompetitioun kënne qualifizéieren. Am Intertoto-Cup (och UI-Cup) gouf Victoria géint de schweedesche Champion vu Göteborg geloust an huet sech mat engem 1-2 doheem an engem 1-3 auswäerts relativ gutt aus der Affär gezunn.
{{{1}}}
Remove ads
Dammenekipp
|
|
D'Dammenekipp vu Rouspert huet 2006/07 hir éischt Saison am lëtzebuergesche Dammechampionnat gespillt. Trainer war de Claude Bermes. Zanter 2008 ass de Claude Grünewald neien Trainer vun den Dammen.
Um Spaweck
| Commons: Victoria Rouspert – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
