Virnumm
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Virnumm soll mathëllefen, d'Leit vuneneen z'ënnerscheeden. Bei hirer Gebuert (an/oder Kanddaf) kritt all Persoun een oder e puer Virnimm, wouvun een (heiansdo en duebelen) spéider effektiv benotzt gëtt: de Ruffnumm.
A villen, virun allem a westleche Kulturen, déngt de Virnumm dozou, fir tëscht de Membere vun enger Famill z'ënnerscheeden, am Géigesaz zum Familljennumm, deen d'Zougehéieregkeet zu enger Famill ausdrécke soll.
An deene meeschte Sprooche kënnt de Virnumm virum Familljennumm; d'Ungarn, d'Ost-Asiaten an d'Vietnameese sinn do awer d'Ausnam.
Viraals hunn d'Leit an eiser Regioun de Kanner meeschtens chrëschtlech Virnimm ginn, mä zanter den 1950er Joren hunn anglophon a romanesch Virnimm ëmmer méi u Bedeitung gewonnen. Wat fir e Virnumm schlussendlech e Kand kritt, ass also och zum groussen Deel eng Moudesaach.
Remove ads
Heefegst Virnimm zu Lëtzebuerg
2017-2019
Tëscht 2017 an 2019 waren déi heefegst Virnimm, déi nei gebuere Kanner zu Lëtzebuerg kruten[1][2]:
2020
Heefegst Virnimm fir d'Joer 2020[3]:
2022[4]
2023[5]
Remove ads
Kuckt och
Um Spaweck
- Les Prénom Luxembourgeois[sic] op lesprenoms.eu/luxembourg, gekuckt den 28.10.2023
Referenzen
- Les cinq prénoms les plus donnés au Luxembourg." rtl.lu, 14.10.2020, 07:03.
- Top 3 des prénoms les plus donnés au Luxembourg, France, Allemagne et Belgique | Les Frontaliers. www.lesfrontaliers.lu. Gekuckt den 28.10.2023.
- (fr) Prénoms les plus donnés au Luxembourg - Portail Open Data. data.public.lu. Gekuckt den 28.10.2023.
- (fr) Naissances: Les prénoms les plus populaires au Luxembourg. infos.rtl.lu. Gekuckt den 28.10.2023.
- (fr) François Peltier, Charlie Klein, La démographie luxembourgeoise en chiffres p. 24. Classement des prénoms des nouveau-nés en 2023 (23.10.2024). Gekuckt den 02.11.2024.
Remove ads
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads