Walen

From Wikipedia, the free encyclopedia

Walen
Remove ads

D'Walen (Cetacea) sinn eng Uerdnung vu Mamendéieren déi all am Waasser, déi meescht vun hinnen am Mier, liewen. Duerch hir Kierperform gläiche s'am Ausgesinn de Fësch, woufir se fréier alt fälschlecherweis Walfësch genannt goufen.

Méi Informatiounen Systematik, Wëssenschaftlechen Numm ...

Et gëtt weltwäit eng 80 bis 90 Walaarten. 5 dovu liewen am Séisswaasser, déi aner liewen am Mier.

Remove ads

Famillen

Wale ginn an zwou Ënneruerdnungen agedeelt: Baartewalen (Mysticeti) an Zännwalen (Odontoceti). Nieft de Baarten an den Zänn gëtt et nach aner anatomesch Krittären, fir déi zwou Ënneruerdnunge vuneneen z'ënnerscheeden.

  • Ënneruerdnung Mysticeti (Baartewalen)
    • Famill Balaenidae Gray, 1821
    • Famill Balaenopteridae Gray, 1864 — Rorquals
    • Famill Eschrichtiidae Ellerman and Morrison-Scott, 1951 — Groe Wal
    • Famill Neobalaenidae Gray, 1873
  • Ënneruerdnung Odontoceti (Zännwalen)
    • Famill DelphinidaeDelfiner aus dem Mier an Orcaen
    • Famill MonodontidaeBelugawal an Narwal
    • Famill PhocoenidaePhocoenidae (Schwéngswalen)
    • Famill PhyseteridaePottwal (ad minima)
    • Famill PlatanistidaeSéisswaasserdelfinen
    • Famill ZiphiidaeSchniewelwalen an Hyperodoon (Intewal)
    • Famill IniidaeSéisswaasserdelfinen (vun aneren ënner Platanistidae klasséiert)
    • Famill Kogiidae — Kleng Pottwalen (och alt ënner Physeteridae klasséiert)
    • Famill LipotidaeChinawal (och alt entweeder ënner Iniidae oder ënner Platanistidae klasséiert)
    • Famill PontoporiidaeLa-Plata-Delfin (och alt entweeder ënner Iniidae oder ënner Platanistidae klasséiert)

Do derbäikommen Dosende vu Fossilienaarten aus de Gattungen Ambulocetus, Pakicetus a Basilosaurus, déi an d'Ënneruerdnung Archaeoceti klasséiert ginn.

Remove ads

Morphologie

Déi verschidde Walaarten hunn all e stroumlinnefërmege Kierper, eng glat Haut ouni Hoer a keng Ouermuschelen, Kennzeechen déi e séiert Virukommen am Waasser méiglech maachen. Se hu keng Krallen a keng baussenzeg Ouerlächer (de Gehéierkanal ass no baussen zou). Déi viischt Patten hu sech am Laf vun der Evolutioun zu Flossen entwéckelt déi Flipper genannt ginn. D'Floss um Réck, déi Finn genannt gëtt, feelt bei enger Rëtsch Aarten. De Schwanz ass zu enger Floss ëmgewandelt, déi Fluke genannt gëtt, an horizontal zum Rescht vum Kierper steet (bei de Fësch steet d'Schwanzfloss senkrecht). Déi hënnescht Patte si komplett zeréckgebilt.

Wéi all aner Mamendéieren hu Wale Longen a mussen, fir Loft ze huelen, un d'Waasseruewerfläch. Dobäi ootme se duerch en Ootmungslach uewen um Kapp.

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Walen – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads