Wervik
belsch Gemeng From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Wervik (fr: Wervicq) ass eng Stad an der belscher Provënz Westflandern

Wervik huet ronn 17.500 Awunner. Wervik läit op der Leie, déi d'Grenz mat Frankräich mécht. Op der franséischer Säit läit Wervicq-Sud.
Kuckeswäertes

- D'Kierch St.-Medardus, am romaneschen a gotesche Stil;
- 2 Wandmillen, d' Briekenmolen an d' Kruisekemolen;
- Den Nationaal Tabakmuseum, e Musée iwwer Tubak.
Geschicht
Schonn zu der Zäit vun de Réimer gouf hei Gips gefërdert. D'Fëllementer vun der aler Sint-Maartens-Kierch sinn aus Reschter vun engem réimeschen Tempel gebaut.

Bekannt Leit
- Yves Leterme, Politiker.
- Wim Delvoye, Kënschtler.
Um Spaweck
| Commons: Wervik – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
