Wide Field Infrared Explorer

From Wikipedia, the free encyclopedia

Wide Field Infrared Explorer

De Wide Field Infrared Explorer (WIRE), oder Explorer 75, war en Weltraum-Infraroutteleskop vun der NASA dee wéinst technesche Problemer versot hat.

Wide Field Infrared Explorer
Thumb
De Weltraumteleskop WIRE
TypWeltraumteleskop
Land USA
AgenturNASA
COSPAR-Bezeechnung1999-011A
Apogeum582 km
Perigeum537 km
Bunnschréi97,5°
Mass250 kg
Bunn-Ëmlafzäit
Exzentrizitéit
Start5. Mäerz 1999 02:56 UTC
StartplazVandenberg AFB / Point Arguello WADZ
DrorakéitPegasus XL F26/M-22
Statusvergloust den 10. Mee 2011

De WIRE hat en 30-cm-Teleskop, dee mat festem Waasserstoff op ënner 14 Kelvin gekillt war. E weidert wëssenschaftlecht Instrument war eng Kamera fir Wellelängte vun 12 an 25 µm. De WIRE sollt ënner anerem zéngdausend Infraroutgalaxië mat héijer Routverrécklung entdecken an domat fir d'Verstoe bei der Entwécklung vu Galaxië bäidroen.

De Start vum Drofliger L-1011 war op der Vandenberg Air Force Base. An der Point Arguello Western Air Drop Zon iwwer dem Pazifik gouf d'Pegasus-Rakéit ofgeworf, déi de WIRE erfollegräich op eng niddreg Äerdëmlafbunn bruecht huet. Well d'Instrumentofdeckung ze fréi ogesprengt gouf, war de Satellit zäitweis ausser Kontroll an hat schonn no puer Deeg d'Killmëttel verbraucht. De WIRE konnt doduerch seng Aufgab net erfëllen.

Mam Stäresensor deen eigentlech nëmme fir d'Noféierung vum Teleskop virgesi war goufen en et trotzdeem Resultater. Mat der Sich no klengen Hellegkeetsschwankunge bei laangen Observatioune vu Stären, konnten no de Methode vun der Asteroseismologie d'Strukturparametere vun deene Stäre bestëmmt ginn.

De WIRE ass den 10. Mee 2011 an der Äerdatmosphär vergloust.

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.