Willy Goergen
Lëtzebuerg Philolog, Professer an Auteur From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Guillaume ("Willy") Goergen, gebuer den 30. Abrëll 1867 zu Steesel a gestuerwen de 6. Juni 1942 an der Stad Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergesche Schrëftsteller.
De Willy Goergen huet nom Atheneum zu Bonn, Léiwen a Stroossbuerg Sprooche studéiert an ass dann zu Lëtzebuerg Professer am Atheneum ginn.[2] 1892 huet hien d'Elise Kintzelé bestuet. D'Koppel krut zwéi Jongen; deen éischten dovu war de Max Goergen, deen och Schrëftsteller gouf.
Mat Schreiwen huet de Willy Goergen eréischt ugefaangen, wéi e Mëtt 30 Joer al war. No sengem éischte Lyrikband, Hémechts-Te'n (1901) sinn der eng 33 anerer nokomm, heiansdo zwéin am selwechte Joer. D'Theme vu senge Gedichter hu sech meeschtens ëm d'Natur, d'Joreszäiten oder d'Léift zu den Eltere gedréint; drënner waren och Lueflidder op d'groussherzoglech Famill an op d'Onofhängegkeet vum Land. Och seng Kannerlidder hu gefall, dat bekanntst ass wuel de "Léiwe Kleeschen".
Ausserdeem huet hie kuerz Kaméidisstécker fir den Theater geschriwwen.
De Willy Goergen ass um Nikloskierfecht an der Stad Lëtzebuerg begruewen.
Remove ads
Säi Wierk
Gedichtsbänn
- Hémechts-Te'n
- Blummen a Blieder
- Spackelro'sen
- Léd a Le'ft
- Stonneklank
- Fridd a Freihét
- Sturm a Sonneschein
- Vu Grond dem Hèrz
- Fir de' Kleng a fir de' Gro'ss
- Letzeburger Gedichter
- Eng Streisschen Hémechtsblummen
- Schle'wen an Drauwen
- D'Klacke lauden
- Le'fstack a Batteralzem
- Siwenerlé aus Hèrz an Haus a Feld
- Fréd a Léd
- Aus der Hémecht
- Eng Handvoll Sonn
- Erönnerongen
- Letzeburger Joerszeiten
- Aus dem Liewen
- Fre'hjorsble'en a Wanterflacken
- E Buki Spackelro'sen
Theaterstécker
- Arm a Reich
- Zwe'n hart Käpp
- Dat zéngt Gebot
- Den domme Jong
- 1+1+1=3
- Eng krommenalesch Trap
- Am Pyjama
Literaresch Publikatioun
- Gustav Falke, der Lyriker: eine literarische Studie, J. Beffort, Luxemburg 1909, 110 S.
Gesamtwierk
- Gesamtwierk Willy Goergen. [Zusammenstellung und Bibliogr.: Emil van der Vekene] ; [Einführung: Pierre Grégoire] ; [Einbandentwurf: Pe'l Schlechter]. Luxemburg, 1987-1992:
- Bd. 1: 1987, 391 S.
- Bd. 2: 1987, 447 S.
- Bd. 3: 1988, 382 S.
- Bd. 4: 1990, 290 S.
- Bd. 5: 1992, 404 S.
Remove ads
Literatur
- À la mémoire de Willy Goergen. Stesel]: [Administration communale], 1967, Luxembourg, Reka. XXXII, 72 S. (Centenaire Willy Goergen: Stesel 30. Abrëll 1967).
- S. 1-35: Der Mundartlyriker Willy Goergen.
- S. 36-38: Dem Willy Goergen seng Wierker.
- S. 39-41: Wat as iwer de Willy Goergen geschriwe gin?
- S. 42-68: Eise lëtzebuergeschen Theater gëscht an haut.
- S. XXI-XXV: Sprooch a Folklore beim Willy Goergen.
- S. XXVI-XXXII: Eng Parti Wieder aus dem Willy Goergen sénge Saachen.
- Commemoratio'n Willy Goergen: Peischtméndeg 1954 zo' Stésel. St-Paul, Luxembourg 1954, 24 S.
- gg (Goetzinger, Germaine), 2007. Goergen, Willy (Guillaume). In G. Goetzinger et C.D. Conter: Luxemburger Autorenlexikon. Centre national de littérature, Mersch. Dréckerei Graphic Press. S. 211-212.
- gg (Goetzinger, Germaine), 2010. Goergen, Willy (Guillaume). In G. Goetzinger et C.D. Conter: Dictionnaire des auteurs luxembourgeois. Centre national de littérature, Mersch. Dréckerei Faber, Miersch. S. 214-215.
- Hoffmann, Fernand: Festried op de Willy Goergen: gehalen zu Stesel fir säin 100. Geburtsdag (30. Abrëll 1967). In: Nouvelle revue luxembourgeoise (Academia), Luxembourg, 1967, Nr. 2, S. 179-193
- Rinnen, Henri: Erënnerung un de Willy Goergen. In: Eis Sprooch, Jg. [32](1993), Nr. 37, S. 1-6.
- Van der Vekene, Émile: Bibliographie Willy Goergen. In: Gesamtwierk Willy Goergen. Bd 5. É. Borschette, Christnach 1992, S. 347-372.
Remove ads
Nom W. Goergen benannt
- rue Willy-Goergen, L-1636 Luxembourg
- montée Willy Goergen, L-7322 Steinsel
- ee Schoulgebai zu Steesel[3]
Gielercher
- Commandeur de l'Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1938)[4]
Um Spaweck
Referenzen
- Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 9. Juni 1942, S.6
- C. Lang: Le personnel de l'enseignement secondaire et supérieur du Grand-Duché de Luxembourg, 1839-1922. Travail statistique de Félix Heuertz (1922), complété par Charles Lang (1967). Publications du Ministère de l' Éducation nationale, Luxembourg 1967, S. 33.
Remove ads
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads