Wolga

From Wikipedia, the free encyclopedia

Wolga
Remove ads

D'Wolga (op Russesch: Волга, op Kasachesch: Edil), ass e Floss am Weste vu Russland. Se ass, mat enger Längt vun 3560 km, dee längste Floss an Europa. Virun hirer Kanalisatioun war si souguer 3690 Kilometer laang.

Séier Fakten Längt, Debit ...

An der Antiquitéit war d'Wolga ënner dem Numm Rha bekannt. Turk-Vëlker nennen se Idel (Tataresch: İdel, Идел), op Mordwinesch heescht se Raw, Рав oder Rawa, Рава.

D'Wolga entspréngt um Waldai-Plateau, 225 Meter iwwer dem Mier. Se leeft duerch oder laanscht d'Stied Twer, Rybinsk, Jaroslawl, Nijni Nowgorod, Kasan, Uljanowsk, Samara, Saratow, Wolgograd an Astrachan. Un hirem Enn bilt se d'Wolgadelta a leeft an d'Kaspescht Mier.

Am 20. Joerhonnert goufen aacht Staudämm un der Wolga gebaut, déi mat sech bréngen, datt se op laange Strecken éischter enger Rëtsch vu Séie gläicht. De gréissten dovun ass dee bei Samara, aus dem Joer 1957.

Wichteg Nieweflëss sinn d'Kama, d'Oka an d'Wetluga. Iwwer Kanäl ass d'Wolga mam Baltesche Mier, dem Wäissen an dem Schwaarze Mier verbonnen.

Zanter dem Altertum war d'Wolga eng wichteg Handelsstrooss.

Thumb
D'Wolga zu Kostroma
Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Wolga – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads