Gemeng Wolz

lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Wolz From Wikipedia, the free encyclopedia

Gemeng Wolz
Remove ads

D'Gemeng Wolz (lokal: Wooltz) ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Wolz an de Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Stad Wolz vun där se och hiren Numm huet.

Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Gemeng Wolz zu Lëtzebuerg. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Wolz (Homonymie).
op ee Bléck Aussprooch, An anere Sproochen ...
Remove ads

Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng[1]

Geographie

Wolz läit am Nordweste vum Land, an den Ardennen an dem Naturpark Öewersauer.

Nopeschgemenge si Géisdrëf, Kiischpelt, Klierf, d'Stauséigemeng, Wanseler a Wëntger.

Geschicht

Duerch d'Gesetz vum 24. Februar 1843 krut d'Gemeng d'Recht den Titel Stad ze droen.

Den 1. Januar 2015[2] ass d'Gemeng Eschweiler mat der Gemeng Wolz zu enger vergréisserter "Gemeng Wolz" fusionéiert. Déi zwéi Gemengeréit haten de 24. Februar 2014 dozou gréng Luucht ginn. De 25. Mee 2014 gouf an deenen zwou Gemengen e Gemengereferendum doriwwer ofgehalen. Zu Wolz hu sech ronn 80 Prozent vun de Leit fir eng Fusioun mat Eschweiler ausgeschwat, zu Eschweiler ware just eng 54% fir eng Fusioun.[3] D'Gesetz dozou ass den 19. Dezember 2014 gestëmmt ginn.[4]

Entwécklung vun der Awunnerzuel

Quell:STATEC

Thumb Beschreiwung am Originaltext:

écartelé, au I burelé d'argent et d'azur à un lion rampant de gueules couronné, lampassé et armé d'or, au II de gueules à un caducée d'argent posé en bande, au III de gueules à une ancre d'argent posée en bande, au IV d'azur à une ruche d'or et des abeilles volantes du même. L'écu surmonté d'une couronne antique de comte à huit fleurons, dont cinq seulement visibles.
A.GD. 1. August 1951 - Mémorial B 1951, Säit 1129 - Projet: 1950 Louis Wirion
De Beiekuerf symboliséiert d'Industrie, den Äskulapstaf steet fir d'Unitéit an den Anker fir den Handel. De Léiw symboliséiert d'Zougehéieregkeet vun der Gemeng zum Groussherzogtum[5].

Thumb Zanter 2010 huet d'Gemeng Wolz en eegene Logo, dee fir eng modern Stad mat ville Facetten an enger multikultureller Populatioun steet. Déi gréng Faarf bezitt sech op déi vill Park- a Grénganlagen an der Stad a fir d'Bëscher ronderëm, matzen an de Lëtzebuerger Ardennen[6].

Politik

De Gemengerot gëtt nom Proporzsystem gewielt. E besteet zanter 2017 (an no der Fusioun mat Eschweiler) aus 13 Conseilleren; virdru waren et der 11.

De Schäfferot gëtt zanter 2023 vun enger CSV-DP-Koalitioun gestallt. 2017 war et eng Koalitioun vun LSAP an CSV, an dee vu virun der Fusioun vun der LSAP.

Op Grond vum Resultat vun de Gemengewale vum 11. Juni 2023 gëtt d'Carole Petitnicolas-Weigel (CSV) nei Buergermeeschtesch.[7]

Zesummesetzung
D'Majoritéitskoalitioun am Gemengerot ass fett geschriwwen

Méi Informatiounen Joer, CSV ...

Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu

Buergermeeschtere säit dem Enn vun der franséischer Revolutioun[8],[9]

Remove ads

Kuckeswäertes

Remove ads

Kulturelles

Jumelagen

Interkommunal Syndikater

D'Gemeng Wolz ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Economie circulaire

Zanter 2015 huet d'Gemeng Wolz de Statut als "hotspot communal de l'économie circulaire".[13] Zil ass et, fir d'Prinzipie vun der Economie Circulaire, och "Kreeslafwirtschaft" genannt, no an no an alle Beräicher vum deegleche Liewen anzebannen. 2018 huet de Gemengerot eng entspriechend Charta ënnerschriwwen[14], an där eng Rei vu Moossname genannt ginn, déi ëmgesat solle ginn. Als Haaptprojet gëllt de Bau vun engem neie Quartier mam Numm "Wunne mat der Wooltz"[15] an Zesummenaarbecht mam Fonds du Logement, dee ganz no de Prinzippie vun der Economie Circulaire soll opgebaut ginn a bei dem eng 780 Logementer entstoe sollen.

Bekannt Leit aus der Gemeng

Remove ads

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Gemeng Wolz – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
  2. (fr) Loi du 19 décembre 2014 portant fusion des communes d'Eschweiler et de Wiltz. legilux.public.lu (23.12.2014). Gekuckt den 19.07.2020.
  3. (de) Die Wappen der Gemeinde Wiltz. www.wiltz.lu. Gekuckt den 19.06.2023.
  4. Säit iwwer de Wopen an de Logo Archivéiert den 22.08.2019. Gekuckt de 16.07.2019.
  5. „Durich 200 Joer Weeltzer Geschicht gebleedert“, Emile Lutgen, 2016. Säit 536
  6. Memorial N°3 vun 1844 Archivéiert den 03.03.2016. Gekuckt den 13.09.2015.
  7. Memorial N°50 vun 1847 mam ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL du 25 juillet 1847, n° 1664, portant nomination du sieur Faber aux fonctions de bourgmestre de la ville de Wiltz
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads