Zëmmer

Deel vun engem Gebai From Wikipedia, the free encyclopedia

Zëmmer

En Zëmmer ass e Raum an en Deel vun enger Wunneng oder engem Gebai, besonnesch engem Wunngebai, deen zou ass an op all Säite Wänn, e Buedem an/oder e Plaffong huet.

Thumb
En Iesszëmmer ass e Beispill vun engem Zëmmer, an deem Iessen zerwéiert gëtt.

En huet eng gewësse Fläch, eng Dier fir eran- an erauszekommen a generell eng Fënster (ausser dem Buedzëmmer an der Toilette déi dacks keng Fënster hunn). E Raum, dee kee Wunnzweck erfëllt (Spënnchen, Debarras, Garage, Stall...) oder nëmmen en Nieweraum ass (Gank, Trapenhaus, Schacht...) gëtt an der Reegel net als Zëmmer bezeechent. D'Schlofzëmmer, d'Stuff oder eng privat Kichen si Beispiller vun Zëmmeren.

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.