froen
From Wiktionary, the free dictionary
Remove ads
Lëtzebuergesch
| Conjugaisoun | ||||||||
| Indicatif | Persoun | Présent | Prétérit | Passé composé | Plus-que-parfait | |||
| ech | froen | frot | hu gefrot | hat gefrot | ||||
| du | frees | froots | hues gefrot | has gefrot | ||||
| hien* / hie** | freet | frot | huet gefrot | hat gefrot | ||||
| mir | froen | froten | hu gefrot | hate gefrot | ||||
| dir / Dir | frot | frot | hutt gefrot | hat gefrot | ||||
| si | froen | froten | hu gefrot | hate gefrot | ||||
| Conditionnel | Présent simple | Présent composé | Passé | |||||
| ech | géif froen | hätt gefrot | ||||||
| du | géifs froen | häss gefrot | ||||||
| hien* / hie ** | géif froen | hätt gefrot | ||||||
| mir | géife froen | hätte gefrot | ||||||
| dir / Dir | géift froen | hätt gefrot | ||||||
| si | géife froen | hätte gefrot | ||||||
| Impératif | ||||||||
| Eenzuel | fro! | |||||||
| Méizuel | frot! | |||||||
| * steet fir hien, hatt, si / ** am Fall vun der Eifeler Regel | ||||||||
Bsp:
- Eng Fro stellen:
- Ech hat dech gefrot, ob den Auto erëm geet.
- Eppes reklaméieren:
- Hues du no der Rechnung gefrot?
- Sech renséignéieren:
- Hien huet nom Wee fir op Arel gefrot.
- Sech intresséiert weisen:
- Ech wollt mol no de Kanner froen.
- Eppes als Leeschtung oder Géigeleeschtung verlaangen:
- Déi froen onerhéiert Präisser
- Eppes a Fro stellen:
- Ech froe mech, ob dat eng gutt Aktioun war.
Remove ads
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads