Map Graph
No coordinates found

Vatican Advanced Technology Telescope

De Vatican Advanced Technology Telescope, kuerz VATT, ass e Gregory-Teleskop mat engem Duerchmiesser vun 1,8 Meter, dee fir visuellt an infrarout Liicht zweckméisseg ass. Hie steet um Mount Graham, am Südoste vun Arizona an enger Héicht vun 3178 Meter. Hien ass en Deel vum Mount Graham International Observatory a gehéiert zum Observatoire vum Vatikan a Partnerschaft mat der University of Arizona. D'Teleskop gouf gréisstendeels duerch Spenden vum Fred an Alice P. Lennon souwéi vum Thomas J. Bannan finanzéiert. Fäerdeggestallt gouf et am Joer 1993.

Read article
Fichier:VaticanObservatory_VATT.jpg