Alain Kinsch
lëtzebuergesche Wirtschaftspréifer a Member vum Staatsrot / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Alain Kinsch, gebuer den 18. Juni 1971, ass e lëtzebuergesche Wirtschaftspréifer a Member vum Staatsrot.[1]
Alain Kinsch | |
---|---|
Gebuer | 18. Juni 1971 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Reviseur d'entreprise |
Hien huet seng Karriär 1995 bei Arthur Andersen, ënner der Leedung vum Norbert Becker, ugefaangen. Déi Firma gouf an der Folleg vum Enron-Skandal, 2002 vun Ernst & Young, haut EY, iwwerholl. Hien huet do bis 2010 d'Private equity Branche geleet, a gouf du Managing Partner vun der Lëtzebuerger EY-Branche, a gläichzäiteg Private equity fund leader fir Europa, Afrika an de Mëttleren Osten.[2]
Verwonnerung an och alt Kritik huet seng Bedeelegung un de Koalitiounsverhandlungen, am Virfeld vun der Regierung Bettel-Schneider, ervirgeruff, well hien zwar der DP nosteet, ma net bei de Chamberwale kandidéiert hat an och soss kee politescht Mandat hat.[3]
Zanter dem 4. Februar 2015 ass den Alain Kinsch Member vum Staatsrot wou hien de Victor Gillen ersat huet. Zanter dem 17. Mäerz 2021 ass hie Vizepresident vun där Institutioun.[4]
Den 11. Mee 2022 gouf hien dem Frank Wagener säin Nofollger als President vun der Bourse vu Lëtzebuerg[5].