Florence Hoffmann
lëtzebuergesch Sculptrice / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Florence Hoffmann, gebuer den 20. Abrëll 1966 an der Stad Lëtzebuerg[1], ass eng lëtzebuergesch Sculptrice a Multimediakënschtlerin. Vun 1987 bis 1992 war si op der Académie Julian zu Paräis an 1989 an der Klass vun der Manon Bertrand op der Summeracademie vum Cercle européen pour la propagation des arts.
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Séier Fakten Gebuer, Nationalitéit ...
Florence Hoffmann | |
---|---|
Gebuer | 20. Abrëll 1966 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Sculpteur |
Member vun | ARC Kënschtlerkrees |
Zoumaachen
D'Florence Hoffmann schafft fir hir Skulpturen a verschiddene Materialer wéi Bronze, Stol, Haarz, Gips, Holz, Sand a Schnéi.