(101955) Bennu
Asteroid / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den (101955) Bennu virdrun (101955) 1999 RQ36 ass en Asteroid aus der Grupp vun den Apollo-Asteroiden. E gouf den 11. September 1999 am Kader vum LINEAR-Projet entdeckt. Säin Duerchmiesser läit bei 510 m. Den Asteroid gëtt vum Arecibo-Observatoire a vum Goldstone Deep Space Communications Complex extensiv observéiert.
Eegenschafte vum Orbit | |
---|---|
Orbittyp | Apollo-Asteroid |
Bezuchspositioun | Equinoxe: J2000.0 |
Grouss Hallefachs | 1,126 A.E. |
Exzentrizitéit | 0,204 |
Sideresch Ëmlafzäit | 436,6 Deeg |
Inklinatioun | 6,035 Grad |
Physikalesch Eegenschaften | |
Duerchmiesser | 492 m |
Mass | 62 × 109 kg |
Mëttel Dicht | 0.97 t/m³ |
Rotatiounsperiod | 2,15 h |
Absolut Hellegkeet | 20,8 ± 0,7 |
Spektralklass | B,C |
Entdeckung | |
Entdecker | LINEAR |
Entdeckungsdatum | 11. September 1999 |
Plaz | Socorro, (New Mexico) |
Aner Bezeechnungen | 1999 RQ36 |
Eng Studie vum Andrea Milani berechent eng Serie vu méiglechen Zesummestéiss mat der Äerd am Zäitraum vun 2169 bis 2199. D'Wahrscheinlechkeet vun engem Aschlag hänkt vun de bis elo nëmme wéineg bekannte physikaleschen Eegenschafte vum Asteroid of, läit awer ënner 0,07 %[1]. Fir prezis Date maachen ze kënnen, gouf den Asteroid vun 1999 bis 2011 observéiert, fir eng genee Virstellung vun der Beschafenheet a Struktur ze kréien an och fir d'Auswierkunge vum Jarkowski-Effet op d'Bunn besser ofschätzen ze kënnen. Sou konnt eng Dicht vun 0.97 t/m³ bei engem Gewiicht vun 62 × 10⁹ kg duerch déi gemoosse Bunnofwäichung vun 160 km bestëmmt ginn[2].
1999 RQ36 gouf och dacks als Zil fir Raumsonden a Betruecht gezunn, sou zum Beispill fir déi geplangt OSIRIS Missioun.
De 25. Mee 2011 huet d'NASA bekannt ginn, datt bei der Missioun OSIRIS-REx den 1999 RQ36 ugeflu soll ginn[3]. Den 3. Dezember 2018 ass d'Raumsond OSIRIS-REx no enger Rees vu 2 Joer beim Bennu ukomm.