Dës Säit befaasst sech mam Joer 1914.
Europa
Éischte Weltkrich:
Lëtzebuerg
Ufanks August: Däitsch Truppen um Marsch duerch Iechternach
Enn August: Den däische QG an der Escher Groussgaassschoul
September: D'Zeltlager vum däitsche Keeser an der Stad Lëtzebuerg.
- 02. August: Lëtzebuerg: Däitsch Truppen iwwerfalen dat neutraalt Lëtzebuerg. Si fänken un, d'Eisebunnsstreck tëscht Ëlwen an der Belscher Grenz onpasséierbar ze maachen. Aner Uertschafte gi besat. De Paul Eyschen protestéiert beim däitsche Gesandte Von Buch géint déi Violatioun vun der Lëtzebuerger Neutralitéit, wéi s'am Londoner Traité 1867 festgehale gouf. De Bethmann-Hollweg äntwert, dat wier net géint Lëtzebuerg geriicht, mä et wiere Moossname fir sech géint en imminenten Iwwerfall vu Frankräich ze schützen.
- 04. August: D'Reichsmark ersetzt de Lëtzebuerger Frang.
- 8.-9. August: D'Italieener, déi an de Grouwen an op de Schmelze schaffen, mussen zeréck an Italien, wou s'agezu ginn.
- 10. August: D'Société de la Croix-Rouge luxembourgeoise gëtt gegrënnt.
- 21. August: Lëtzebuergesch Fräiwëlleg melle sech bei der franséischer Friemelegioun.
- 6. - 28. September: Den däitsche Quartier général, dee bis do zu Esch-Uelzecht war, kënnt an d'Stad Lëtzebuerg. Dono plënnert en op Charleville-Mézières.
- 6. September: De Keeser Wilhelm II. ass zu Lëtzebuerg, a gëtt, op seng Ufro hin, vun der Groussherzogin Marie-Adelheid empfaangen. Dat gëtt hir nom Krich zum Virworf gemaach.
- Enn September: No an no ginn d'Héichiewen nees ugestach, nodeems s'all den 2. August ausgemaach gi waren.
- 28. November: E Gesetz, dat d'Präisser vu Liewensmëttel, Fudder a Brennes festleet an héich Strofe virgesäit, fir wann dat net agehale géif, trëtt a Kraaft.
- 04. Januar: Jane Wyman, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 15. Januar: Mett Hoffmann, lëtzebuergesche Moler.
- 18. Januar: Arno Schmidt, däitsche Schrëftsteller.
- 30. Januar: Vittorio Cottafavi, italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 01. Februar: Marino Girolami, italieenesche Filmregisseur, -schauspiller, -produzent an Dréibuchauteur.
- 03. Februar: Mary Carlisle, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 04. Februar: Alfred Andersch, däitsche Schrëftsteller.
- 06. Februar: Jean Majerus, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 12. Februar: Eugène Heinen, lëtzebuergesche Pedagog, Theaterregisseur a Schauspiller.
- 17. Februar: Wayne Morris, US-amerikanesche Schauspiller.
- 17. Februar: Arthur Kennedy, US-amerikanesche Schauspiller.
- 19. Februar: Jacques Dufilho, franséische Schauspiller.
- 02. Mäerz: Edmond Dune, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 02. Mäerz: Hansi Knoteck, éisträichesch Schauspillerin.
- 02. Mäerz: Martin Ritt, US-amerikanesche Filmregisseur a Filmschauspiller.
- 25. Mäerz: Norman Ernest Borlaug, US-amerikaneschen Agrarwëssenschaftler a Friddensnobelpräisdréier.
- 28. Mäerz: Émile Lefort, lëtzebuergesche Resistenzler.
- 02. Abrëll: Alec Guinness, brittesche Schauspiller.
- 04. Abrëll: Marguerite Duras, franséisch Schrëftstellerin.
- 05. Abrëll: Johnny Glesener, lëtzeburegschen Jazzpianist an Arrangeur.
- 08. Abrëll: María Félix, mexikanesch Schauspillerin.
- 09. Abrëll: Lé Tanson, lëtzebuergesche Moler.
- 12. Abrëll: Paul Leuck, lëtzebuergesche Journalist.
- 12. Abrëll: Adriaan Blaauw, hollänneschen Astronom.
- 24. Abrëll: Aloïse Klensch, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 24. Abrëll: André Wollscheid, lëtzebuergesche Boxer an Olympionik.
- 27. Abrëll: Albert Soboul, franséischen Historiker.
- 29. Abrëll: Charles Fehrenbach, franséischen Astronom a Member vun der Académie des sciences.
- 29. Abrëll: Reinhard Kolldehoff, däitsche Schauspiller.
- 09. Mee: Carlo Maria Giulini, italieeneschen Dirigent.
- 15. Mee: Tenzing Norgay, nepaleeseschen Alpinist.
- 17. Mee: Thuur Luxembourg, hollänneschen Auteur vu Fues-Schlager.
- 21. Mee: Romain Gary, franséische Resistenzler, Diplomat, Schrëftsteller, Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 22. Mee: Max Kohnstamm, hollänneschen Historiker.
- 23. Mee: Marcel Goebel, lëtzebuergeschen Architekt.
- 24. Mee: Lilli Palmer, däitsch Schauspillerin.
- 10. Juni: François Gillen, lëtzebuergesche Moler, Zeechner a Sculpteur.
- 17. Juni: Julián Marías Aguilera, spuenesche Philosoph.
- 26. Juni: Lyman Spitzer, US-amerikaneschen Astrophysiker.
- 01. Juli: Christl Cranz, däitsch Alpineschileeferin.
- 11. Juli: Jacques Castelot, belsch-franséische Schauspiller.
- 11. Juli: Marc Lambert, lëtzebuergesche Manager
- 12. Juli: Adrien van Kauvenbergh, lëtzebuergesche Jurist a Politiker.
- 15. Juli: Howard Vernon, Schwäizer Schauspiller.
- 22. Juli: Charles Regnier, däitsche Schauspiller a Regisseur.
- 23. Juli: Carl Foreman, US-amerikanesche Filregisseur an Dréibuchauteur.
- 31. Juli: Raymond Aubrac, franséische Resistenzler.
- 31. Juli: Mario Bava, italieenesche Filmregisseur.
- 31. Juli: Louis de Funès, franséische Schauspiller.
- 31. Juli: Josette Day, franséisch Schauspillerin.
- 31. Juli: Leo Weber, lëtzebuergeschen Theaterschauspiller a -regisseur
- 01. August: Camille Frieden, lëtzebuergeschen Architekt an Auteur.
- 01. August: J. Lee Thompson, englesche Filmregisseur.
- 05. August: Josée Gloden, lëtzebuergesch Molerin.
- 05. August: Émile Hulten, lëtzebuergesche Sculpteur a Konschtschräiner.
- 08. August: Jean Josipovici, franséischen Auteur a Filmregisseur.
- 09. August: Tove Jansson, finnesch Schrëftstellerin, Graphikerin a Molerin.
- 10. August: Ken Annakin, brittesche Filmregisseur.
- 13. August: Luis Mariano, spuenesch-baskeschen Tenor.
- 22. August: Marcel Fischbach, lëtzebuergesche Politiker.
- 03. September: Théo Loesch, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 07. September: James Van Allen, US-amerikaneschen Astrophysiker a Raumfaartpionéier.
- 10. September: Robert Wise, amerikanesche Filmregisseur.
- 12. September: Desmond Llewelyn, walisesche Schauspiller.
- 14. September: Robert S. Dietz, US-amerikaneschem Geophysiker an Ozeanograph.
- 15. September: Michel Vitold, franséische Schauspiller.
- 17. September: Henri Rinnen, lëtzebuergesche Sprooch- a Vullefuerscher.
- 17. September: René Bauler, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 18. September: Léon Mart, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 20. September: Kenneth More, englesche Filmschauspiller.
- 22. September: Siegfried Lowitz, däitsche Schauspiller.
- 28. September: Pierre Reysenn, amerikanesche Geheimagent.
- 03. Oktober: Paul Reichling, lëtzebuergesche Moler.
- 06. Oktober: Thor Heyerdahl, norwegeschen Anthropolog an Ethnolog.
- 10. Oktober: Willy Flener, lëtzebuergeschen Auteur.
- 17. Oktober: Armand Collard, belsche Resistenzler.
- 20. Oktober: Mario Luzi, italieenesche Lyriker, Literaturtheoretiker an Iwwersetzer.
- 24. Oktober: Reginald Kernan, US-amerikanesche Schauspiller.
- 25. Oktober: Edy Lahure, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 27. Oktober: Dylan Thomas, walisesche Schrëftsteller.
- 09. November: Jim Graser, lëtzebuergesche Boxer.
- 09. November: Marcel Grignon, franséische Kameramann.
- 09. November. Hedy Lamarr, éisträichesch-US-amerikanesch Filmschauspillerin an Erfinderin.
- 09. November: Gianni Puccini, italieenesche Filmregisseur.
- 11. November: James G. Baker, US-amerikaneschen Entwéckler vu Satellittekameraen an aner optesch Systemer fir d'Loft- a Raumfaart.
- 12. November: Albert van Houtte, belsche Jurist.
- 13. November: Georgij N. Babakin, sowjetesche Raumfaartingenieur.
- 15. November: Emile Everard, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 24. November: Lynn Chadwick, brittesche Sculpteur.
- 05. Dezember: Odette Joyeux, franséisch Schauspillerin a Schrëftstellerin.
- 10. Dezember: Dorothy Lamour, US-amerikanesch Schaupillerin.
- 12. Dezember: Edmond Goergen, lëtzebuergeschen Zeechner a Moler.
- 16. Dezember: O. Winston Link, US-amerikanesche Fotograf.
- 17. Dezember: Édouard-Marie Weber, lëtzebuergesche Moler.
- 26. Dezember: Baba Amte, indesche Mënscherechtler
- 26. Dezember: Camille Meyer, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 26. Dezember: Richard Widmark, US-amerikanesche Schauspiller.
- 24. Januar: David Gill, britteschen Astronom a Fotograf.
- 24. Januar: Jean Klensch, Buergermeeschter vu Mäerzeg.
- 16. Mäerz: Edward Singleton Holden, US-amerikaneschen Astronom.
- 17. Mäerz: Caspar Mathias Spoo, lëtzebuergeschen Industriellen, Politiker a Schrëftsteller.
- 25. Mäerz: Frédéric Mistral, franséische Schrëftsteller (op okzitanesch) a Lexikograph.
- 16. Abrëll: George William Hill, US-amerikaneschen Astronom a Mathematiker.
- 28. Mee: Carl Frederik Pechüle, däneschen Astronom.
- 02. Juni: Philippe Bech, lëtzebuergeschen Affekot a Politiker.
- 12. Juni: Charles Rischard, lëtzebuergesche Politiker.
- 18. Juni: Marie Speyer, lëtzebuergesch Germanistin.
- 21. Juni: Bertha von Suttner, éisträichesch Schrëftstellerin a Pazifistin; Nobelpräisdréiesch.
- 28. Juni: Franz Ferdinand vun Éisträich, éisträich-ungareschen Äerzherzog an Trounfollger, a seng Fra Sophie vun Hohenberg.
- 11. August: Pol Plançon, franséische Basssänger.
- 16. Oktober: François Delaporte, lëtzebuergesche Bauer a Politiker.
- 03. November: Georg Trakl, däitschen Dichter.
- 14. November: Stellan Rye, Dréibuchauteur a Filmregisseur.
- 15. November: Alphonse Thyes, lëtzebuergeschen techneschen Zeechner a Landschaftsmoler.
- 26. November: Eduard Kremser, éisträichesche Komponist an Dirigent.
- 30. Dezember: Jules Fischer, lëtzebuergeschen Ingenieur a Politiker.