Alphonse Munchen
lëtzebuergeschen Ingenieur a Politiker / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Alphonse Munchen, gebuer den 3. September 1850 zu Dikrech[1] a gestuerwen de 24. Januar 1917[2] an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Ingenieur a Politiker.
Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
Alphonse Munchen | |
---|---|
Gebuer |
3. September 1850 Dikrech |
Gestuerwen |
24. Januar 1917 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Universitéit vu Léck |
Aktivitéit | Politiker, Ingenieur |
Partei | Liberal Liga |
Zoumaachen
Den Alphonse Munchen war Ingenieur op der Schmelz zu Rodange a beim Gaswierk zu Hollerech.
Tëscht 1892 an 1904 war hien am Stater Gemengerot. Vum 24. Juni 1904 bis de 14. Februar 1915 war hie Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg.
1904 gouf hien zum éischte President vun der Liberaler Liga gewielt.
Hie war och Deputéierten an der Chamber[1],[3].
Fir un hien z'erënneren ass zu Hollerech eng Strooss no him genannt ginn: d'Rue Alphonse Munchen[4].