Haaptuertschaft vun der Gemeng From Wikipedia, the free encyclopedia
Diddeleng ass eng Kadastersektioun an der Gemeng Diddeleng déi, bis Diddeleng de 4. August 1907 eng Stad gouf, nieft Butschebuerg a Biereng eng vun den dräi Uertschaften an der Diddelenger Gemeng war. Diddeleng ass eng vun den 12 Stied am Groussherzogtum Lëtzebuerg.
Diddeleng | |
---|---|
Vue op Diddeleng | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Dudelange de: Düdelingen |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Esch-Uelzecht |
Gemeng | Diddeleng |
Buergermeeschter | Dan Biancalana (LSAP) |
Awunner | 21.953 |
1. Januar 2023 | |
Fläch | 838,8123 ha |
Héicht | 295 m |
Koordinaten |
49° 28’ 56’’ N 06° 05’ 04’’ O |
Zu Diddeleng stoung déi éischt modern integréiert Schmelz vu Lëtzebuerg an dofir gëtt d'Stad och nach Forge du Sud genannt.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Diddelenger Schmelz.
Diddeleng läit am Nordoste vum loutrengesche Minettsbaseng um Bord vun der Cuesta vum Bajocium am Dall vun der Diddelengerbaach.
De Süde vum Dall, wou grouss Industrieanlage stinn, ass vun Osten hier vun den Héichte vum Doggerplateau begrenzt an no Norden an Nordoste geet en op an den Dall vun der Gander a vun der Uelzecht.
Am Nordweste steet eng eenzel Kopp de Gehaansbierg, ee sougenannten Ëmlafbierg, mat enger Héicht vu 405 m, op deem Iwwerreschter vun enger Buergruin a réimescher Festung ze fanne sinn.
Déi héchst Plaz ass de Ginzebierg deen eng Héicht vu 424 m (NG-L) huet, an ënner deem op engem Plateau op enger Héicht vu 417,5 Meter den RTL's-Sender steet, deen e bei klorem Wieder op méi wéi 20 km gesi kann.
Den déifste Punkt ass am Thilleweier op der franséischer Grenz op 256 m.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.