From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Directoire war an der Zäit vun der éischter franséischer Republik de politesche Regime den d'Exekutivmuecht vum 4. Brumaire Joer IV bis zum 18. Brumaire Joer VIII hat. Den Directoire war den Nofollger vun der Convention nationale an de Virgänger vum Consulat.
Der Constitutioun vum Joer III no, goufen d'Direktere vum Conseil des Anciens gewielt. Déi fënnef éischt Directeurs waren de Rewbell, de Barras, de La Révellière Lépeaux, de Carnot an de Letourneur. All Joer huet een Direkter misse seng Plaz fräi maachen. Wien dat sollt si gouf duerch d'Lous entscheet. Nom Staatsstreech vum 18. Fructidor Joer V (4. September 1797) ass den Directoire an d'Hänn vun engem Triumvirat gefall (Rewbell, Barras, La Révellière Lépeaux).
D'Legislativ louch an den Hänn vum sougenannte Corps législatif, dee sech aus Membere vum Conseil des Anciens a vum Conseil des Cinq-Cents zesummegesat huet.
Den Directoire war, virun allem am Ufank, eng grouss Epoch fir d'franséisch Arméi: d'ganz Militärgeschicht vun dëser Zäit steet an den Nimm Bonaparte, Kléber, Desaix, Masséna a Moreau.
Bannepolitesch huet den Directoire versicht, d'Interessen ze vereenegen, an den neie Gouvernement ze festegen, ouni zu extreeme Mëttelen ze gräifen, mä duerch d'finanziell Problemer huet missen zu der Faillite gegraff ginn, déi ënner dem Numm vum Tiers consolidé verstoppt gouf.
Obschonn d'militäresch Victoirë vum Napoleon Bonaparte an Italien (1797) dem Staat erlaabt hunn, d'Krichskontributiounen an d'Luucht ze hiewen, gouf aus dem Directoire, ënner der Leedung vum Barras (« le roi des Pourris » laut dem Bonaparte) e Synonym fir Staatskorruptioun (Inflatioun vun den Assignats).
No e puer Réckschléi goufen d'Direkteren als onkapabel dohigestallt; si ware sech ënnereneen och rar eens. No verschiddenen interne Revolutiounen huet de Bonaparte, mat der Hëllef vum Sieyès, dem Directoire en Enn gesat mat sengem Staatsstreech vum 18. an 19. Brumaire, deen de Consulat an d'Liewe geruff huet. Zu dësem Zäitpunkt waren déi fënnef Direkteren de Barras, de Sieyès, de Gohier, den Ducos an de Moulin.
2. November 1795 | - | 31. Januar 1796: | Jean-François Reubell |
1. Februar 1796 | - | 30. Abrëll 1796: | Étienne-François Le Tourneur |
1. Mee 1796 | - | 29. Juli 1796: | Lazare Carnot |
30. Juli 1796 | - | 1. November 1796: | Louis-Marie La Revellière-Lépeaux |
2. November 1796 | - | 30. Januar 1797: | Paul Barras |
1. Februar 1797 | - | 30. Abrëll 1797: | Jean-François Reubell |
1. Mee 1797 | - | 26. Mee 1797: | Étienne-François Le Tourneur |
27. Mee 1797 | - | 24. August 1797: | Lazare Carnot |
25. August 1797 | - | 27. November 1797: | Louis-Marie La Revellière-Lépeaux |
28. November 1797 | - | 25. Februar 1798: | Paul Barras |
26. Februar 1798 | - | 26. Mee 1798: | Philippe-Antoine Merlin, genannt Merlin vun Douai |
27. Mee 1798 | - | 24. August 1798: | Jean-François Reubell |
25. August 1798 | - | 27. November 1798: | Jean-Baptiste Treilhard |
28. November 1798 | - | 25. Februar 1799: | Louis-Marie La Revellière-Lépeaux |
26. Februar 1799 | - | 26. Mee 1799: | Paul Barras |
27. Mee 1799 | - | 18. Juni 1799: | Philippe-Antoine Merlin |
19. Juni 1799 | - | 23. September 1799: | Emmanuel-Joseph Sieyès |
24. September 1799 | - | 10. November 1799: | Louis-Jérôme Gohier |
D'Gesellschaft vum Directoire huet sech op den Divertissement gestierzt. Nodeem d'Terreur eriwwer war, an d'Guillotine demontéiert, wollt all Mënsch Spaass hunn. Vläicht war et d'Gefill, eng verlueren Zäit nees opzehuelen. D'Fraen hu sech der Moud vun der "Antiquomanie" higinn: Räck am Stil vun Diana a Flora, duerchsichteg Stëfter, grouss Décolletéen. Gedroe goufe virun allem Stëfter wéi Gaze, déi näischt vun de Forme verstoppt hunn. D'Ausstellung fir d'Industrieprodukter, déi 1798 organiséiert gouf, war Zeie vun dësem neie Goût fir de Luxus.
Och plakeg ronderëmlafe war Moud: no der Ära vun de Sans-culottes waren elo d'"Sans-chemises" modern ! Mä de grousse Luxus vun dëse Merveilleuses - sou goufen d'Schéinheete vun dëser Zäit genannt - waren d'Parécken. Et gouf der vir all Stonn vum Dag: blond, schwaarz, blo, gréng …
D'Kavaléier vun dëse Fraleit goufen Incroyables, oder nach éischter Incoyables, genannt. Et war elegant den "R" ewechzeloossen (den R vu Revolutioun, vu Roi a vun Terreur). Hir Kleedung war exzentresch: grouss Krawatten, breet Boxen....
Dës Jugend, déi Suen ausginn huet, ouni u muer ze denken, huet sech zu Paräis op alle Plaze getraff, déi modern waren: Theateren, dem Tivoli oder Frascati oder an der Galerie vum Palais-Royal. Et gouf vill gedanzt an et gouf ëmmer e Bal organiséiert, wou ee konnt hi goen. Zu de renomméierste « Merveilleuses » hunn d'Mlle Lange, Mme Tallien, Mme Récamier, d'Joséphine de Beauharnais an d'Fortunée Hamelin gezielt. Hire Beschützer, de Barras, war e wichtege Personnage mat deem ee sech am Beschte gutt gehalen huet. Hien huet och selwer grouss luxuriéis Fester ginn. D'Moral gouf net wierklech grouss geschriwwen, et gouf sech bestuet, fir sech scheeden ze loossen, an nees nei ze bestueden.
Commons: Moud vum Directoire – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.