Fësch
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Fësch (Pisces) si Wierbeldéieren déi ausschliisslech oder bal ausschliisslech am Waasser liewen, mat Kimen ootmen, a keng Tetrapoden (Wierbeldéiere mat Patte) sinn.
Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Dës Säit beschäftegt sech mat dem Déierestamm vun de Fësch. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Fësch (Homonymie). |
Mat iwwer 33.300 Aarte stellen d'Fësch méi wéi d'Hallschent vun den haut liewende Wierbeldéieren.
An der traditioneller Systematik ginn d'Fësch als eege Grupp gefouert. Well si awer keng natierlech Déieregrupp bilden, gi si an der moderner, phylogeneetescher Systematik, där hir Grondlagen an den 1950er a 1960er Joren ausgeschafft goufen, net méi als eege Grupp gefouert. D'Grënn dofir sinn:
- eng Rëtsch Fësch wéi d'Longefësch an d'Quasteflosser, si méi no Famill mat den Tetrapoden (den Amphibien, Reptiller, Mamendéieren a Vigel) wéi mat allen anere Fësch (wéi z. B. den Haien, Frellen, asw.).
- D'Fësch si keng monophyletesch, mä eng paraphyletesch Grupp, d. h. si bilden eng Grupp déi net all Nokommen aus enger gemeinsamer Stammaart ëmfaasst. (Fir aus de 'Fësch' eng monophyletesch Grupp ze maachen, missten all aner Wierbeldéieren, also och z. B. d'Mamendéieren, zu de Fësch gerechent ginn).
Aus reng praktesche Grënn an och am alldeegleche Sproochgebrauch gëtt dacks de Begrëff Fësch bäibehalen, awer a wëssenschaftlechen Texter da meeschtens tëscht Gänseféisercher gesat.