Gréngewald
Staatsbësch am Nordoste vun der Stad Lëtzebuerg / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Gréngewald ass e Bësch am Nordoste vun der Stad Lëtzebuerg op engem Plateau deen am Schnëtt 350 Meter héich läit. Déi héchst Plaz ass um Lieu-dit Laangtmuer laanscht d'Iechternacher Strooss mat 425 Meter. De Gréngewald besteet zum gréissten Deel aus Bichebësch an d'Verjüngung ass natierlech, dat heescht datt den Nowuess aus Som vun den ale Beem geschitt. Nëmmen an aussergewéinleche Fäll wéi z. B. no de Stierm Daria, Vivian a Wiebke vun uganks 1990, oder soss enger Kalamitéit gëtt geplanzt. Bei ongeféier der Hallschent vun de Beem handelt et sech ëm ganz al Beem mat engem Alter vu méi wéi 140 Joer[1].
Mat 3.734 Hektar[1] ass de Gréngewald dat gréisst Stéck Bësch zu Lëtzebuerg, dat uneneenhänkt. De Bësch läit op den Territoirë vu siwe Gemengen: Lëtzebuerg, Walfer, Steesel, Luerenzweiler, Jonglënster, Nidderaanwen a Sandweiler.
D'Réngelbaach an d'Schetzelbaach aus deenen d'Wäiss Iernz entsteet, an d'Kriibsebaach an d'Iernsterbaach aus deenen d'Schwaarz Iernz entsteet, hunn do hir Quellen. Och Drénkwaasser gëtt do ofgezaapt, well de Buedem aus Sandsteen en natierleche Filter ass. Déi 20 gefaasste Quellen am Gréngewald liwwere ronn 15% vum ganzen nationalen Drénkwaasser[1].
Um westleche Bord vum Gréngewald, no bei Walfer, leien d'Raschpëtzer, en ënnerierdeschen Aqueduc-System aus der Réimerzäit.
Den 28. September 2018 huet de Ministerrot decidéiert dat zéng mol aacht Kilometer grousst Gebitt als nationaalt Naturschutzgebitt ze deklaréieren[2].
Als Staatsbësch ass de Gréngewald d'Géigestéck zum Bambësch, deen der Stad Lëtzebuerg gehéiert.