![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/c/ca/HansIsland.png/640px-HansIsland.png&w=640&q=50)
Hans-Insel
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Hans-Insel (Grönlännesch: Tartupaluk; Inuktitut: ᑐᐸᓗᒃ; Dänesch: Hans Ø), ass eng kleng Insel vu ronn 1,25 km² an der Kennedy-Passage, déi en Deel vun der Nares-Strooss ass, tëscht Grönland am Osten an der kanadescher Insel Ellesmere Island am Westen.
Hans-Insel | |
---|---|
![]() d'Hans-Insel | |
![]() | |
Geographie | |
Land | Dänemark, Kanada |
Koordinaten | 80°49'37"N, 66°27'12"W |
Fläch | 1,25 km² |
Längt | 1,4 km |
Breet | 1,1 km |
Verwaltung | |
Verwaltungseenheet | Avannaata Kommunia, Qikiqtaaluk |
Demographie | |
Awunner | 0 |
Aner Informatiounen | |
Genannt no | Hans Hendrik, Nier |
Zäitzon | UTC−5 |
![]() | |
Si ass ouni Vegetatioun an onbewunnt. Se gouf bekannt, well et tëscht Kanada an Dänemark (dat Grönland an internationale Bezéiunge vertrëtt) e joerzéngtelaange Sträit gouf, wiem se gehéiere géif. De 14. Juni 2022 sinn déi zwéi Staaten iwwereneekomm, d'Insel an der Mëtt ze deelen, an domat och d'Séigrenz, déi ëmmerhin 3.800 Kilometer laang ass, an engem Stéck ze definéieren[1].
De kanadeschen Deel gehéiert ewell zu der Regioun Qikiqtaaluk (Baffin) vum Territoire Nunavut, den däneschen Deel zum Distrikt Qaanaaq vun der grönlännescher Gemeng Avannaata Kommunia.
Op Grönlännesch an Inuktitut heescht d'Insel Tartupaluk ("Glach mat enger Nier"). Den däneschen Numm geet op den Hans Hendrik zeréck, deen tëscht 1853 an 1883 bei fënnef Arktisexpeditiounen derbäi war.