Harald Reinl
däitsche Filmregisseur an Dréibuchauteur / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Harald Reinl, gebuer den 8. Juli 1908 zu Bad Ischl, Éisträich, a gestuerwen den 9. Oktober 1986 zu Puerto de la Cruz op Teneriffa, war en däitsche Filmregisseur an Dréibuchauteur. Hie gouf vu senger Fra, der fréierer Schauspillerin Daniela Maria Delis, ëmbruecht.
Harald Reinl | |
---|---|
Gebuer | 8. Juli 1908 |
Gestuerwen | 9. Oktober 1986 |
Nationalitéit | Éisträich |
Aktivitéit | Filmregisseur, Dréibuchauteur |
Famill | |
Bestuet mat | Karin Dor |
De Reinl ass besonnesch bekannt ginn duerch seng Edgar-Wallace-Filmer a seng Karl May Filmer aus de 60er Joren an d'Jerry Cotton-Filmer. Säin naive Stil an eng trivial Dramaturgie schleefe sech duerch all seng Filmer, déi dem Spectateur et sou erlaben, déi Béis vun de Gudden z'ënnerscheeden.
Den Héichpunkt vu senger Aarbecht waren d'Karl May-Filmer, déi an de jugoslawesche Bierger fir de Produzent Horst Wendlandt gedréit goufen.
1986 ass den Harald Reinl am Haus vun engem Bekannten op Teneriffa gestuerwen, wéi hie vu senger Fra, enger Alkoholikerin am Sträit erstach gouf.