Karin Dor
däitsch Schauspillerin / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Karin Dor, mam biergerlechen Numm Kätherose Derr, gebuer den 22. Februar 1938 zu Wiesbaden, a gestuerwen de 6. November 2017 zu München, war eng däitsch Schauspillerin.
Karin Dor | |
---|---|
Gebuertsnumm | Kätherose Derr |
Gebuer |
22. Februar 1938 Wiesbaden |
Gestuerwen |
6. November 2017 München |
Doudesursaach | Krankheet |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Schauspiller |
Famill | |
Bestuet mat | Harald Reinl, George Robotham |
Si ass bekannt ginn duerch hir Rollen an däitsche Kriminalfilmer déi zum gréissten Deel no Romaner vum Edgar Wallace gedréint goufen. Si war och an e puer däitsche Filmer no Bicher vum Karl May ze gesinn. Am Joer 1967 huet si am James Bond Film You Only Live Twice, vum Lewis Gilbert mam Sean Connery an Donald Pleasence eng Haaptroll iwwerholl an 1969 hat si am Alfred Hitchcock Film Topaz eng vun den Haaptrollen.
Si huet an enger 20 Filmer vum Harald Reinl, mat dem si vun 1954 bis 1968 bestuet war, matgespillt. Vun 1988 bis bis zu deem sengem Doud am Joer 2007 war si mam US-amerikanesche Cascadeur George Robotham bestuet.