Jean Pierre Foehr
lëtzebuergesche Politiker / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Jean Pierre Godefroy Foehr (Föhr), gebuer den 11. Mee 1824 zu Iechternach an do[1] gestuerwen de 26. Mee[2] 1875, war e lëtzebuergesche Jurist, Magistrat, Deputéierten an Diplomat.
Jean Pierre Foehr | |
---|---|
Gebuer |
11. Mee 1824 Iechternach |
Gestuerwen |
26. Mee 1875 Iechternach |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Affekot, Diplomat |
Famill | |
Papp | Barthélemy Foehr |
Geschwëster | Jean Mathias Foehr |
De Jean Pierre Foehr huet seng Carrière am Joer 1850 als Affekot zu Dikrech ugefaangen. 1859 ass hie Riichter beim Tribunal zu Lëtzebuerg ginn; 1868 gouf hie Vizepresident vun deem Tribunal; 1872 krut hien eng Nominatioun als "conseiller à la Cour supérieure de justice".[3]
Hie war Deputéierte vum Kanton Iechternach vun 1854 bis 1856 a vun 1862 bis 1875.[4] Hie war Vizepresident vun der Chamber wärend de Sessiounen 1868, 1869, 1873 an 1874. Wéi de Félix de Blochausen de 26. Dezember 1874 Generaldirekter (Minister) gouf, ass de Foehr an deem senger Plaz Chamberspresident ginn.[5]
Am Abrëll 1867 ass de Foehr lëtzebuergesche "chargé d'affaires" zu Berlin ginn,[6] eng Aufgab, déi hien nieft senger Aktivitéit an der Chamber an um Geriicht erfëllt huet.
Hie war de Fils vum Barthélemy Foehr an de Brudder vum Jean Mathias Foehr. Hie selwer war net bestuet.
Zesumme mam Norbert Metz an dem Léon Wurth war de Jean Pierre Foehr Coauteur vum Rapport de la commission nommée par l'Assemblée des États pour examiner la question de la liquidation entre le Grand-Duché de Luxembourg et les Pays-Bas. (V. Bück, Luxembourg 1868, 18 S.).[7]