ee vun den zwielef Lëtzebuerger Kantonen From Wikipedia, the free encyclopedia
De Kanton Veianen ass ee vun den zwielef Lëtzebuerger Kantonen. Et ass flächeméisseg de klengste Kanton a am Nordoste vum Land.
E grenzt am Norden un de Kanton Klierf, am Osten un Däitschland an am Westen a Süden un de Kanton Dikrech.
Déi dräi Gemengen am Kanton sinn:
De Kanton Veianen gouf duerch Gesetz vum 4. Abrëll 1851[2] als zwielefte Kanton vu Lëtzebuerg an d'Liewe geruff.
De Kanton huet sech aus der Stad Veianen, an aus der Gemeng Furen, déi allebéid virdrun zum Kanton Dikrech gehéiert hunn, an aus der Gemeng Pëtschent déi zum Kanton Klierf gehéiert huet, zesummegesat.
Gläichzäiteg krut Veianen e Friddensgeriicht a gouf Kantonalhaaptuert.
Bei der Fusioun vun de Gemenge Baastenduerf, aus dem Kanton Dikrech, a Furen, aus dem Kanton Veianen, zu der neier Gemeng Tandel, huet d'Fläch vum Kanton sech den 1. Januar 2006 ëm ronn 24 km² vergréissert[3].
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.