Klëppelkrich
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Klëppelkrich (fr.: guerre des gourdins oder guerre des paysans, dt.: Klöppelkrieg, flamm.: Boerenkrijg) am Joer 1798 war als Befreiungskrich vun der Bevëlkerung vun de fréieren éisträich-nidderlännesche "Provënzen", vum ale Prënzbistum Léck a vu verschiddenen Uertschaften an der Westäifel, géint de franséische Regime geplangt, deen iwwerdriwwen héich Steiere gefrot, d'Kierchen deelweis zougemaach[1] a schlussendlech och nach de Jonktem fir seng Arméi rekrutéiert[2] huet. D'Bezeechnung Klëppelkrich kënnt dohier, datt d'Bauere just e puer vereenzelt Flënten haten, an dofir virun allem mat hire Klëppele, Gafelen, Greefer a Séisselen an de Krich gezu sinn. Déi franséisch Truppen hunn deen Opstand och deementspriechend séier a bluddeg néiergeschloen.