Liberté - Fräiheet!
politesch Partei zu Lëtzebuerg / From Wikipedia, the free encyclopedia
Liberté - Fräiheet! ass eng politesch Beweegung, respektiv Partei, déi vum Roy Reding am Juni 2023 gegrënnt gouf, nodeems hien aus der ADR ausgetruede war.
Séier Fakten Leeder, Gegrënnt ...
Liberté - Fräiheet! | |
---|---|
Leeder | Roy Reding |
Gegrënnt | Juni 2023 |
Parteizentral | Stad Lëtzebuerg |
Politesch Positioun | Mëtt-Riets bis Riets |
Zoumaachen
D'Beweegung ass bei de Chamberwale vum 8. Oktober 2023 eng éischt Kéier ugetrueden an dat mat komplette Lëschten an alle 4 Walbezierker. Si krut dobäi 1,13% vun alle Stëmmen (42.643 Stëmmen)[1]; net genuch fir ee Mandat.
Fir d'Europawalen 2024 huet se sech mat der Partei Déi Konservativ zesummegedoen, fir sech eng Lëscht ze deelen.