Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Wikimedia-Lëschtenartikel / From Wikipedia, the free encyclopedia
Dës Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied ass en Deel vun de Referenztabellen.
Den Titel Stad gëtt mat engem spezielle Gesetz verginn.
Eng Rei Stied hunn hiren Titel zanter dem Mëttelalter; dës Titele goufe mam ale Gemengegesetz vum 24.02.1843 konfirméiert. Dat neit Gemengegesetz vum 13.12.1988 huet d'Titele vun den 12 Lëtzebuerger Stied nach eng Kéier konfirméiert.
Méi Informatiounen Numm, Franséischen Numm ...
Numm | Franséischen Numm | Däitschen Numm | Gesetz |
---|---|---|---|
Déifferdeng | Differdange | Differdingen | 4. August 1907 |
Diddeleng | Dudelange | Düdelingen | 4. August 1907 |
Dikrech | Diekirch | Diekirch | 24. Februar 1843 |
Esch-Uelzecht | Esch-sur-Alzette | Esch-Alzette | 29. Mee 1906 |
Ettelbréck | Ettelbruck | Ettelbrück | 24. August 1907 |
Gréiwemaacher | Grevenmacher | Grevenmacher | 24. Februar 1843 |
Iechternach | Echternach | Echternach | 24. Februar 1843 |
Lëtzebuerg | Luxembourg | Luxemburg | 24. Februar 1843 |
Réimech | Remich | Remich | 24. Februar 1843 |
Rëmeleng | Rumelange | Rümelingen | 4. August 1907 |
Veianen | Vianden | Vianden | 24. Februar 1843 |
Wolz | Wiltz | Wiltz | 24. Februar 1843 |
Zoumaachen