Nieuw-Vlaamse Alliantie
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Nieuw-Vlaamse Alliantie (kuerz: N-VA, hollännesch fir Nei-Flämesch Allianz) ass eng belsch flämesch-nationalistesch a liberal-konservativ politesch Partei. Si ass d'Partei mat de meeschte Sëtz an der belscher Chamber, am Belsche Senat an am Flämesche Parlament. (2016)
Méi Informatiounen Logo, Parteizentral ...
Logo | Parteizentral |
---|---|
Koningsstraat 47/6 1000 Bréissel Belsch | |
Basisdonnéeën | |
Grënnungsdatum: | 2001 |
Memberen: | 41.176 (2014)[1] |
Ideologie: | Flammänneschen Nationalismus Liberal-Konservatismus Separatismus |
Faarwen: | Schwaarz a Giel |
Europäesch Affiliatioun: | Europäesch Fräi Allianz |
Websäit: | www.n-va.be |
Zoumaachen
Hiert Zil ass et, eng friddlech a graduell Onofhängegkeet vu Flandern z'erreechen.
D'N-VA ass 2001 aus der Volksunie entstanen, enger flämescher Partei, déi sech an e sozial-liberale Volet (dee spéider an der Partei Groen opgaangen ass) an en national-konservative Volet (déi haiteg N-VA) gespléckt huet.