Van-Allen-Ceinture
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Van-Allen-Stralungsceinture (genannt nom James Van Allen) ass e Rank (Torus) mat energieräich geluedenen Deelercher, déi duerch dat magnetescht Feld vun der Äerd agefaange ginn. Et gouf ugeholl, datt déi Deelercher meeschtens vum Sonnewand a vun der kosmescher Stralung stamen. Neist Ënnersich vun de Sonden „Van Allen A“ an „Van Allen B“ weisen awer, datt e groussen Deel an der Ceinture selwer entsteet, andeems do Atomer vun elektromagnéitesche Felder quasi zerrappt a sou Elektronen erausgeléist ginn.[1] D'Ceinture besteet haaptsächlech aus zwou Stralungszonen: Déi bannenzeg erstreckt sech an niddrege geographesche Breeten an engem Beräich vu ronn 700 bis 6.000 Kilometer iwwer der Äerduewerfläch a besteet haaptsächlech aus héichenergetesche Protonen. Déi zweet ass op enger Héicht vu ronn 15.000 bis 25.000 Kilometer an huet haaptsächlech Elektronen. Seng Entdeckung ass op den 31. Januar 1958 datéiert.
Déi geluede kosmesch Deelercher ginn an der Van-Allen-Ceinture duerch d'Magnéitfeld vun der Äerd als Folleg vun der Lorentzkraaft ofgelenkt, an an enger sougenannter magnéitescher Fläsch ageschloss a schwéngen sou tëscht de Pole vun der Äerd mat enger Schwéngungsdauer vu ronn enger Sekonn hin an hier.