schweedisch Schauspillerin a Sängerin From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Zarah Leander, gebuer de 15. Mäerz 1907 zu Karlstad, a Schweden, a gestuerwen den 23. Juni 1981 zu Stockholm, mam richtegen Numm Sara Stina Hedberg, war eng schweedesch Schauspillerin a Sängerin, déi fir hir markant Kontra-Alt-Stëmm bekannt war. Hire gréisste Succès hat si an Däitschland tëscht 1937 an 1943.
Zarah Leander | |
---|---|
Gebuertsnumm | Sara Stina Hedberg |
Gebuer | 15. Mäerz 1907 |
Gestuerwen |
23. Juni 1981 Oscars församling |
Doudesursaach | Hiereschlag |
Nationalitéit | Schweden |
Aktivitéit | Sänger, Autobiograph, Filmschauspiller, Theaterschauspiller |
Famill | |
Bestuet mat | Nils Leander, Arne Hülphers, Vidar Forsell |
Papp | Anders Lorentz Sebastian Hedberg |
Mamm | Mathilda Ulrika Wikström |
Kanner | Göran Forsell |
Bis 1936 huet d'Zarah Leander eng 80 Lidder fir de Plakkelabel Odeon opgeholl. Vun 1929 bis 1935 huet si mam Karl Gerhard an enger ganzer Rëtsch Revuë matgespillt an huet a Schweden dräi Filmer gedréint.
1936 goung si op Wien, wou s'an der Operett Axel an der Himmelstür am Theater an der Wien hiren Duerchbroch hat. Parallel dozou huet si ugefaangen, do Filmer ze dréinen; deen éischte war Premiere, ënner der Regie vum Géza von Bolváry. Duerno huet si e Kontrakt mat der däitscher Ufa ënnerschriwwen. Vun 1937 bis 1943 si sou déi bekanntst Filmer entstanen: Zu neuen Ufern (1937), La Habanera (1937), Heimat (1938), Es war eine rauschende Ballnacht (1939), Der Weg ins Freie (1941) an Damals (1943). Si gouf déi Schauspillerin an Däitschland mat der héchster Gage. Hiert bekanntst an erfollegräichst Lidd ass Ich weiß, es wird einmal ein Wunder gescheh’n aus dem Film Die große Liebe vun 1942, dem kommerziell erfollegräiche Film am Drëtte Räich.[1]
Den 10. November 1942 huet si Däitschland verlooss an ass hannescht a Schwede wunne gaangen. Hir Bedeelegung u Filmproduktioune vun der Ufa an Nazidäitschland hunn derzou gefouert, datt hir Filmer a Liddertexter deels als Nazipropaganda identifizéiert goufen. Obwuel si ëffentlech ni politesch Positioune geholl huet ass si bis zum Enn vun hirem Liewen eng ëmstridde Perséinlechkeet bliwwen.[2],[3]
Nom Krich huet si 1947 hir Carrière an der Schwäiz nei lancéiert, wou si zu Genf beim Radio geschafft a Placken opgeholl huet an zu Bern, Basel an Zürich opgetrueden ass. 1948 ass si mam Michael Jary sengem Filmorchester an Däitschland op Tournée gaangen. 1949 ass si no laangem nees a Schweden, méi genee zu Malmö opgetrueden.
Vun 1926 bis 1932 war si mam Schauspiller Nils Leander bestuet an hat mat him zwee Kanner; an engem zweete Bestietnes war si bis 1948 mam Journalist Vidar Forsell, a vun 1956 eng drëtt Kéier mam schweedeschen Dirigent an Jazzpianist Arne Hülphers zesummen.
1950 huet Zarah Leander fir d'éischt no siwe Joer Paus nees e Film gedréint, Gabriella ënner der Regie vum Geza von Cziffra. Duerno koume Cuba Cabana (1952) mam O. W. Fischer an Ave Maria (1953), déi zwar e gewësse Succès haten, mä vu kenger grousser Qualitéit waren. Duerno hat si virun allem Optrëtter als Sängerin. z. B. a Musicals wéi Madame Scandaleuse, Lady aus Paris, Das Blaue vom Himmel a Wodka für die Königin, an Operette wéi Eine Frau, die weiß, was sie will, oder an Televisiounsemissiounen, wou se hir Evergreens virgedroen huet.
1975 stoung si mam Musical Das Lächeln einer Sommernacht vum Stephen Sondheim a Hugh Wheeler (nom Film vum Ingmar Bergman) eng lescht Kéier op der Bün.
Commons: Zarah Leander – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.