Administration de la navigation aérienne
Verwaltung vum lëtzebuergesche Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Administration de la navigation aérienne (kuerz ANA, op Lëtzebuergesch Loftverkéiersverwaltung) ass eng Lëtzebuerger Verwaltung, déi duerch e Gesetz vum 21. Dezember 2007 an d'Liewe geruff gouf[1], mat der Haaptmissioun d'Gestioun vum Loftverkéier den Air Traffic Management (ATM) am Lëtzebuerger Loftraum an an deem vun de Grenzgebidder, fir déi Delegatioune vun de Servicer vun de respektiven zoustännege Loftraumkontrollzentren opgestallt goufen, ze maachen.
Administration de la navigation aérienne | |
---|---|
Loftverkéiersverwaltung | |
Land | Lëtzebuerg |
Secteur | Loftverkéier |
Leedung | Claudio Clori |
Verwaltungssëtz | Findel |
Adress | 4 Rue de Trèves, 2632 Sandweiler |
Ënnersteet der/dem | Ministère de la Mobilité et des Travaux publics |
Gegrënnt | 21. Dezember 2007 |
Um Spaweck | https://ana.public.lu |
Eng aner grouss Aufgab ass den operationelle Fonctionnement vum Fluchhafe Findel ze garantéieren an de Respekt vun de Servituden am Zesummenhank mat der Loftfaart z'assuréieren. D'Verwaltung ënnersteet dem Ministère deen zoustänneg fir den Transport ass, deemno am Ament dem Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten. Si ass d'Nofollgerin vun der Administration de l'aéroport, déi 1975 gegrënnt gi war.