Alfred de Musset
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Louis-Charles-Alfred de Musset-Pathay, gebuer den 11. Dezember 1810 zu Paräis an och do gestuerwen den 2. Mee 1857, war e franséischen Auteur vu Gedichter an Theaterstécker an der Zäit vun der Romantik.
Alfred de Musset | |
---|---|
Gebuertsnumm | Louis-Charles-Alfred de Musset-Pathay |
Gebuer |
11. Dezember 1810 Paräis |
Gestuerwen |
2. Mee 1857 Paräis |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun | Lycée Henri IV |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Dichter, Dramatiker, Romancier, Bibliothecaire |
Member vun | Académie française |
Famill | |
Liewenspartner(in) | George Sand, Caroline Jaubert, Rachel |
Den de Musset huet schonn am Lycée duerch seng gutt Resultater op sech opmierksam gemaach. Hien huet ugefaangen, Droit a Medezin ze studéieren, huet dat awer geschwënn nees opginn, fir sech vun 1828-29 u mat der Literatur ze beschäftegen. 1829, mat 19 Joer, huet hie säin éischte Band mat Gedichter, Contes d'Espagne et d'Italie, erausbruecht. An de Joren duerno huet hien als " débauchéierten Dandy" gelieft. 1830, koum seng éischt theatralesch Comédie eraus, La Nuit Vénitienne, déi awer kee Succès hat. Doropshin huet hie seng Stécker an der Revue des Deux Mondes publizéiert, ier en s'an engem Sammelband mam Titel Un Spectacle dans un fauteuil erausbruecht huet. Dorënner waren À quoi rêvent les jeunes filles ? (1832) Les Caprices de Marianne (1833) a säi Meeschterwierk Lorenzaccio (1834, d'Stéck gouf awer eréischt 1896 fir d'éischt gespillt). Wärend enger tumultuéiser Bezéiung mat der George Sand huet hie Fantasio an On ne badine pas avec l'amour geschriwwen. Parallel zu sengen Theaterstécker huet de Musset Gedichter publizéiert, wéi 1835 La Nuit de mai a La Nuit de décembre, La Nuit d'août (1836), La Nuit d'octobre (1837), an och en autobiographesche Roman mam Titel La Confession d'un enfant du siècle am Joer 1836.
Mat der Zäit gouf den de Musset alkoholkrank an depressiv an huet vun 30 Joer un ëmmer manner geschriwwen. Z'ernimme wieren d'Gedichter Tristesse, Une soirée perdue (1840), Souvenir (1845) an eng Rëtsch Novellen (z. B. Histoire d'un merle blanc, 1842).
1845 krut hien d'Légion d'honneur a gouf 1852 an d'Académie française opgeholl. Hien huet nach e puer Theaterstécker, op Commande vum Napoleon III. geschriwwen, mä wéinst schlechter Gesondheet ass hien 1857 gestuerwen an um Kierfecht Père-Lachaise begruewe ginn.
Nodeem e joerzéngtelaang bal an de Vergiess gerode war, gouf den de Musset am 20. Joerhonnert erëmentdeckt a gëtt haut zu de grousse franséische Romantiker gezielt.
Fir un hien z'erënneren, gouf um Lampertsbierg eng Strooss (Rue Alfred de Musset) no him genannt.