Alternative für Deutschland
politesch Partei an Däitschland / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Alternative für Deutschland (kuerz: AfD) ass eng däitsch politesch Partei, déi 2013 als Reaktioun op d'Rettungspolitik vun der Eurozon duerch d'Europäesch Unioun gegrënnt gouf.
Alternative für Deutschland | |
---|---|
Ofkierzung | AfD |
President |
Tino Chrupalla Alice Weidel |
Vizepresidenten |
Stephan Brandner Peter Boehringer Mariana Harder-Kühnel |
Gegrënnt | 6. Februar 2013 |
Parteizentral |
Schillstraße 9 10785 Berlin |
Zeitung | AfD Kompakt |
Jugendorganisatioun | Junge Alternative für Deutschland |
Memberszuel |
40.131 (2024) |
Politesch Positioun | Riets |
Europäesch Affiliatioun | Europa vun der Fräiheet an der direkter Demokratie |
Faarwen | Rout, Wäiss an Hellblo |
Slogan | Unser Land zuerst |
Bundestag |
79/736 Sëtz |
Europaparlament |
9/96 Sëtz |
Websäit | |
www.alternativefuer.de | |
Ufanks nach éischter als wirtschaftsliberal bezeechent, gëtt d'AfD haut am politesche Spektrum riets vun der CDU/CSU situéiert a gëllt als rietspopulistesch oder rietspopulistesch beaflosst.
Hiren éischte Succès waren iwwerregional Mandater bei der Europawal 2014. Zënterhier sëtzt s'och an de Landesparlamenter vu verschiddenen däitsche Bundeslänner. Bei de Bundestagswalen 2013 krut se 4,7 % vun de Stëmmen, ass awer trotzdeem net an den Däitsche Bundestag komm, well dat an Däitschland eréischt mat 5 % oder méi vun de Stëmme méiglech ass (déi sougenannt "Fünf-Prozent-Hürde").
Hire gréisste Succès hat d'AfD bei de Bundestagswalen 2017, wéi se 12,6 % vun de Stëmmen a 94 Sëtz krut.[1] E puer Deeg no der Wal ass d'Parteicheffin Frauke Petry aus der Partei ausgetrueden, well hir d'Richtung, an där d'Partei sech géif beweegen, net gefall huet.[2],[3] De fréiere Parteichef Bernd Lucke hat am Juli 2015 d'Partei och schonn aus dem selwechte Grond verlooss an ouni grousse Succès eng eege Partei gegrënnt.[4]