From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Antoni Plàcid Gaudí i Cornet, gebuer de 25. Juni 1852 zu Reus bei Tarragona a gestuerwen den 10. Juni 1926 zu Barcelona, war e katalouneschen Architekt an e Vertrieder vum katalounesche Modernismus.
Vun 1863 bis 1868 ass de Gaudí an d'Klouschterschoul Colegio de los Padres Escolapios zu Reus gaangen. Duerno huet hien um Instituto de Enseñanza Media studéiert an huet Virbereedungscourse fir Architektur op der wëssenschaftlecher Fakultéit vun der Universitéit Barcelona besicht.
Vun 1873 bis 1877 huet hien Architektur op der Escuela Provincial d'Arquitectura zu Barcelona studéiert an en huet niewebäi bei verschidden Architektebüroe geschafft, ënner anerem beim Francesc de Paula del Villar i Lozano, fir Suen ze verdéngen.
De 15. Mäerz 1878 krut hie säin Diplom als Architekt an huet duerno säin eegenen Architektebüro opgemaach.
Duerch eng intensiv Zesummenaarbecht mam Architekt Juan Martorell Montells koum de Gaudí an en enke Kontakt mat der neigotescher Architektur.
1883 huet de Gaudí, op Virschlag vum Juan Martorell Montells, d'Architekturaarbechte fir de Bau vun der Sagrada Familia vum Francesc de Paula del Villar i Lozano iwwerholl, dem Architekt vun der Diözees. Hien huet 43 Joer laang, bis zu sengem Doud, un deem Projet geschafft.
De 7. Juni 1926 gouf de Gaudí bei engem Spadséiergank vun engem Tram ugestouss, an ass dräi Deeg méi spéit an engem Spidol zu Barcelona gestuerwen.
Säi Frënd a Mataarbechter Joaquín Torres García huet hien als "genialste vun allen Architekten" bezeechent.
Commons: Antoni Gaudí – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.