Aquakultur
From Wikipedia, the free encyclopedia
Aquakultur ass d'Zuucht vun Organismen, déi am Waasser liewen, besonnesch Fësch, Muschelen, Kriibsen an Algen. Dofir gëtt ënner kontrolléierte Konditiounen eng Populatioun vun engem bestëmmten Organismus opgebaut. Domat ënnerscheet sech d'Aquakultur vun der Fëscherei, déi d'Recoltéiere vu wëlle Waasserdéieren ass. Enger vaster Approche no kann een d'Fëscherei der Juegd zouuerdnen an d'Aquakultur der Agrikultur.[1]
Den Term "Kultur" implizéiert eng Form vun Interventioun am Zuuchtprozess fir d'Produktioun ze verbesseren, zum Beispill d'Fidderen oder d'Schütze viru Predateuren. En implizéiert och en individuellen oder juristesche Besëtzer vum Stock. Aquatesch Organismen, déi vun där Persoun oder Organisatioun rekoltéiert ginn, där deen Organismus wärend der ganzer Zuuchtperiod gehéiert huet, zielen zu de Produkter vun der Aquakultur. Am Géigesaz dozou gëtt et déi aquatesch Organismen, déi ëffentlech exploitéiert kënne ginn, well s'eng Ressource mam Statut "propriété commune" sinn; si zielen zu de Produkter vun der Fëscherei.[2]
2008 huet d'Aquakultur 46 % vum weltwäite Mieresfriichtekonsum geliwwert, an et gëtt geschat, datt dësen Taux nach weider klamme wäert.[3] Déi gréisste Aquakulturproduzenten op der Welt sinn (2012):[4]
- 01: China: 41,1 Milliounen Tonnen, 66 Milliarden USD
- 02: Indien: 4,2 Milliounen Tonnen, 9 Milliarden USD
- 03: Vietnam: 3 Milliounen Tonnen, 5,8 Milliarden USD
- 04: Indonesien: 3 Milliounen Tonnen, 6,7 Milliarden USD
- 05: Bangladesch: 1,7 Milliounen Tonnen, 3,9 Milliarden USD
- 06: Norwegen: 1,3 Milliounen Tonnen, 5,1 Milliarden USD
- 07: Chile: 1 Millioun Tonnen, 6 Milliarden USD
- 08: Egypten: 1 Millioun Tonnen, 2 Milliarden USD
- 09: Myanmar: 8,9 Millioun Tonnen, 1,5 Milliarden USD
- 10: Philippinnen: 7,9 Millioun Tonnen, 2 Milliarden USD