Auguste Thorn
lëtzebuergesche Jurist a Politiker / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Auguste Thorn, gebuer den 29. November 1873 zu Réimech, a gestuerwen de 24. September 1948 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Jurist a Politiker.
Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
Auguste Thorn | |
---|---|
Gebuer |
29. November 1873 Réimech |
Gestuerwen |
24. September 1948 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
Zoumaachen
1903 huet hie mat aneren de Luxemburger katholischer Volksverein gegrënnt, aus dem 1921 de Lëtzebuerger Chrëschtleche Gewerkschaftsbond ervirgaangen ass.[1]
1917, wéi hie Bâtonnier zu Lëtzebuerg war, gouf hien an d'Chamber gewielt, wou hie bis 1937 als Deputéierte bliwwen ass.
Als treien Unhänger vun der Monarchie huet hie vill dozou bäigedroen, datt nom Éischte Weltkrich déi republikanesch Pläng gescheitert sinn. Et war hien, deen den 13. November 1918 an der Chamber virgeschloen huet e Referendum iwwer déi nei Staatsform z'organiséieren.[2]
- 1919 oder 1920-1923: Verwaltungsrot vun der Banque Belgo-Luxembourgeoise S.A.[3]