From Wikipedia, the free encyclopedia
De Baartelméis-Massaker oder Baartelméisnuecht (fr.: Massacre oder Nuit de la Saint-Barthélemy) war e Massaker u franséische Protestanten, de sougenannten Hugenotten, an der Nuecht op de 24. August 1572, den Dag vum hellege Baartelméis. Et ass en zentraalt Evenement vun den Hugenottekricher.
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Op Uerder vun der Mamm vum Kinnek, der Catherine vu Medici, goufen den Admirol Gaspard de Coligny an aner Cheffe vun de franséische Protestanten ermuert, déi zu Paräis op der Hochzäit vum Protestant Henri vun Navarre (dem spéidere Kinnek Henri IV. mat der Catherine hirer Duechter Marguerite de Valois beieneekomm waren. Dës Hochzäit hätt am Fong sollen d'Rekonziliatioun tëscht den zwou Reliounsrichtunge symboliséieren. An der selwechter Nuecht goufen an engem Pogrom weider Dausende vu Paräisser Protestanten ermuert, an an den Deeg dono a ganz Frankräich.[1]
De Baartelméis-Massaker ass en zentralen Datum an der Geschicht vu Frankräich vum 16. Joerhonnert an déif am kollektive Verhalt vun de Fransouse verankert. D'Motiv gouf dann och dacks a Konscht, Film a Literatur opgegraff.
Commons: Baartelméis-Massaker – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.