lëtzebuergesch-hollänneschen Cellist From Wikipedia, the free encyclopedia
De Benjamin Kruithof, gebuer 1999 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesch-hollänneschen Cellist.
De Benjamin Kruithof gouf an eng musikalesch Famill gebuer an ass zu Méischtref opgewuess.[1] Seng Mamm ass Violinisteprofessesch a säi Papp Braatscheprofesser.[2] Hien huet am Alter vu 4 Joer ugefaange Gei ze spillen an huet d'Joer drop op den Cello gewiesselt. Hien huet am Conservatoire du Nord beim Raju Vidali geléiert. Am Alter vun 12 Joer huet hie säin éischte Solo-Concert mat engem Orchester gespillt. Am selwechte Joer gouf hien an der Young Talent Class vum Conservatoire vu Maastricht ugeholl, éier hien tëscht 2014 an 2017 op der Hochschule für Musik und Tanz zu Köln studéiert huet a gläichzäiteg weider an den Dikrecher Kolléisch gaangen ass.[2] Zënter 2017 studéiert hien op der Universität der Künste Berlin.
Am Concours pour jeunes solistes 2014 krut de Benjamin Kruithof déi héchsten Distinctioun an de Präis vun der Sacem. Ee Joer méi spéit huet hien direkt dräi Präisser um Paräisser Concours International Leopold Bellan gewonnen, an 2016 den éischte Präis mat der héchster Unzuel u Punkten um Paräisser Concours Flame.
2017 huet de Benjamin Kruithof an der Kompetitioun fir de Lëtzebuerger Prix Anne & Françoise Groben matgemaach.[3] D'Joer drop huet hien den Cello Octet Luxembourg matgegrënnt. 2019 krut hien den zweete Präis beim Berliner Domenico-Gabrielli-Wettbewerb.[4]
2020 krut en dunn de Publikumspräis an de Präis fir déi bescht Interpretatioun vun der zougeschriwwener Kompositioun op der Cello Biennale Competition zu Amsterdam. Am Februar 2020 huet hien eng éischt Plack opgeholl, Russian Mood, mam Orchester Nordwestdeutsche Philharmonie zu Herford, fir déi hie beim Opus Klassik 2022 a véier Kategorien nominéiert war.[4]
2022 huet hien de Concours Georges Enescu zu Bukarest gewonnen[5] an am Dezember 2022 gouf hie bei der éischter Editioun vun der Lëtzebuerger Musekspräisser als bescht Nowuesstalent ausgezeechent.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.