Benoît XVI. (Poopst)
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Benoît XVI. (biergerlech Joseph Aloisius Ratzinger), gebuer de 16. Abrëll 1927 zu Marktl an Däitschland, a gestuerwen den 31. Dezember 2022, war e réimesch-kathoulesche Geeschtlechen. Hie war vum 19. Abrëll 2005 bis den 28. Februar 2013[1] den 265. Poopst an der Geschicht vun der réimesch-Kathoulescher Kierch an domat och Staatschef vum Staat Vatikanstad.
Benoît XVI. | |
---|---|
Gebuertsnumm | Joseph Aloisius Ratzinger |
Gebuer |
16. Abrëll 1927 Marktl |
Gestuerwen |
31. Dezember 2022 Vatikanstad |
Nationalitéit | Däitschland, Vatikanstad, Italien |
Educatioun | Universitéit vu München |
Aktivitéit | Priister, Theolog, Pianist, Universitéitsprofesser, Philosoph, Poopst, Äerzbëschof |
Member vun | Europäesch Wëssenschafts- a Konschtakademie, Académie des sciences morales et politiques, Pontificia accademia di San Tommaso d'Aquino, Hitlerjugend |
Hie war deen éischte Poopst aus der Neizäit, dee fräiwëlleg an zu Liefzäite säin Amt opginn huet[2]. Säin Nofollger ass de Franciscus.
Virdru war hien Dekan vum Kardinolskollegium a bis zum Doud vum Jean-Paul II. Prefekt vun der Glawenskongregatioun. Domat war hien ee vun de bedeitendste Kardineel an huet theologesch a perséinlech als riets Hand vum Jean-Paul II. gegollt. A senger Kardinolszäit ass de Ratzinger de Leit als relativ konservativ virkomm.